Wärend der Pandemie ginn et net vill Saachen déi ee maache kann. Da kann ee frou sinn datt et awer nach Online-Shopping gëtt!

Deen een oder anere wäert warscheinlech e bësse méi dacks iwwert den Internet bestallt hunn. Ëmmerhin ass et besser wéi de ganzen Dag näischt ze maachen. Ausserdeem freet ee sech ëmmer erëm wann een eng Këscht geschéckt kritt. Dorënner sinn der bestëmmt och e puer déi een net wierklech brauch.

Mir waren erëm ënnerwee a wollte wësse wat déi onnéidegste Saache sinn déi dir iech wärend der Pandemie kaf hutt!

Lauschter hei!