De Büro vum Albert Einstein, dem wuel bekanntste Physiker vum 20. Joerhonnert, hätt wuel all Lëtzebuerger Mamm als Saustall bezeechent.  

Äre Büro op der Aarbecht oder doheem gesäit aus ewéi wann eng Bomm ageschloen hätt, an dir misst dësen eigentlech zënter laangem nees eng Kéier raumen? Ma vläicht loosst dir dat besser sinn. Dir sidd mat ärem Chaos nämlech a beschter Gesellschaft.

Och op de Büroe vun de Facebook- an Apple-Grënner, Mark Zuckerberg a Steve Jobs herrscht dat organiséiert Chaos. De Büro vum Albert Einstein, dem wuel bekanntste Physiker vum 20. Joerhonnert, hätt da wuel all Lëtzebuerger Mam als Saustall bezeechent.

Ma ass et dann elo besser am Chaos ze schaffen oder huet en uerdentlech geraumte Büro och Virdeeler? Dat wollte Fuerscher vun der Universitéit Minnesota erausfannen. Am Kader vun engem Experiment hunn si Persounen un uerdentlech oder onuerdentlech Büroe gesat. Duerno hunn si hinnen eng Rei Froe gestallt a si verschidden Decisiounen huele gelooss.

Dobäi koum eraus, dass d'Leit, déi un engem onuerdentleche Büro souze méi dacks kreativ Iddien haten. Op der anerer Säit hunn d'Leit, déi hannert engem opgeraumte Pult souzen, sech am Schnëtt méi disziplinéiert verhalen. Wann een hinnen de Choix tëscht engem Apel an engem Stéck Schockela ginn huet, hunn si sech méi dacks fir de gesonden Apel entscheet.

Lauschtert hei de Reportage!

Tendéiere Leit, mat méi héijer kreativer Intelligenz dann elo éischter dozou Chaos op hirer Aarbechtsplaz ze hannerloossen. Dës Fro konnten d'Fuerscher net ofschléissend beäntwerten. Et kéint genee esou gutt sinn, dass Denken an enger onuerdentlecher Ëmgéigend dozou féiert, dass engem éischter onkonventionell Iddie kommen. Am Endeffekt misst jidderee fir sech selwer entscheeden ënnert wéi enge Konditiounen een am Beschte schaffe kéint.

Dofir zum Schluss 3 Tipps, wéi iech bei der Aarbecht besser Iddie kommen:

Schafft un eppes wat iech Spaass mécht. Wann d'Aarbecht sech net ewéi Aarbecht ufillt ass een an der Reegel méi inspiréiert.

Informéiert iech. Wann dir ëmmer um neiste Stand sidd, fält iech villäicht éischter op u wat et op der Welt nach feelt.

Probéiert eng Kéier aus "nonverbale Brainstorming" eppes fir iech ass. Dat klengt komplizéiert, ass awer eigentlech ganz einfach. Beim "Brainstroming" geet et drëms sech Gedanken zu engem Thema ze maachen an dës opzeschreiwen. De nonverbale Brainstorming maacht dir iech och Gedanken zu engem Thema. Allerdéngs schreift dir dës net op mä haalt se aneschters fest. Zum Beispill andeems dir kleng Zeechnunge maacht. Dat soll dobäi Hëllefen Iddie festzehalen, déi ee sproochlech net esou gutt ausdrécke kann.

An dësem Sënn: Frout Schaffen!