Jiddwereen huet scho gesi wéi magesch d’USA an de Filmer a Serien déi mir kucken, duergestallt ginn.

New York City, Los Angeles oder Florida si Plaze wou een immens dacks an de Medie begéint an déi vill Leit dozou bréngen sech ze wënschen, an den USA ze wunnen, fir esou ee spannend Liewe wéi an de Filmer ze féieren. Allerdéngs ass et awer wichteg ze betounen, dass esou opreegend Stied nëmmen en immens klenge Prozentsaz vum Land duerstellen. D’USA ëmfaasse wäit iwwer 9 Millioune Quadratkilometer, wärend Los Angeles an New York City zesummen zum Beispill mol net op am Ganzen 1.500 Quadratkilometer kommen. Dëst weist, wat fir e klenge Brochdeel vum Land esou ausgesäit wéi déi Plazen, déi fir Filmer erausgesicht ginn.

Domat ass och kloer, dass déi allermannste Leit hei sou wunne wéi een dat an de Filmer a Sendunge gesäit, an den Alldag wäit vum Glamour ewech ass, wéi een dat vu Serië kennt.

Iwwert Ouschteren zum Beispill, war ech mat bei menger Matbewunnerin seng Famill, an hunn sou e lokale Stot am Wisconsin erlieft. Et war heemlech, iwwersiichtlech, an eng gutt Erfarung, mee de Kontrast zu den üblechen Touristendestinatiounen an den USA war offensichtlech an däitlech: keng Hoteller, keng Stränn, a kee Stadkär mat Millioune vun Awunner. D’Leit gi schaffen, akafen, an ënnerhuelen eppes mat hire Frënn – een einfacht Liewen ewéi mir et och vun Doheem kennen.

Dat heescht awer net, dass keng aner Plaze wéi New York, Los Angeles oder änlecher derwäert sinn, se als Tourist ze besichen, mee et ass wichteg, d’Leit drop opmierksam ze maachen, dass d’USA vill méi an divers Facetten huet, wéi dat dacks an eise Liblingssendungen duergestallt gëtt.

Bis déi nächste Kéier vum Anouk aus den USA!