© Eldo Mobile Reporter
Weekend, schéint Wieder, vill Leit zitt et eraus an d'Sonn. Wisou also mol net e klenge Message u jiddereen um Himmel hannerloossen?
Amplaz vu Wolleken huet een e Samschdeg de Mëtten nieft der Sonn och e puer Messagen um Himmel gesinn.
Mat engem oder e puer klenge Fligere goufe Message wéi "Moien Letzebuerg" a "Bleiwt all gesond" um Himmel hannerlooss.
Wie fir dës Aktioun responsabel ass, ass net gewosst.
E besonnegt Konschtwierk mat engem schéine Wonsch, deen hoffentlech fir eis all an Erfëllung geet!
© Eldo Mobile Reporter
© Eldo Mobile Reporter