Och als Lëtzebuerger kéint ee vun der däitscher Corona-Noutbrems betraff sinn. Esou zum Beispill wann een an eist Nopeschland wëll akafe goen.

D'Leschte Freideg huet dat däitscht Parlament déi sougenannte Corona-Noutbrems decidéiert. Zënter e Samschdeg ass dës offiziell a Kraaft.

Duerch dës sougenannten Noutbrems gëllen elo fir ganz Däitschland déi nämmlecht Reegelen. Wann an enger Stad e bestëmmten Inzidenz-Wäert iwwerschratt gëtt, muss dës Stad elo bestëmmte Mesuren ëmsetzen. Dës Mesure sinn an deem neie Gesetz fir ganz Däitschland definéiert. Bis ewell konnt all Bundesland dës Mesuren eleng decidéieren.

Lauschtert hei de Reportage!

Wéi eng Mesure gëllen dann elo? Dat hänkt wéi gesot vum Inzidenz-Wäert of. Entscheedend ass e Wäert vun 100 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner pro Woch. Wann Dësen 3 Deeg hannerteneen iwwerschratt gëtt, gëlle vum nächste Schaffdag un eng Partie Mesuren.

Esou gräif zum Beispill eng Ausgangsspär. D'Mënschen dierfen hiert doheem dann tëscht 10 Auer owes a 5 Auer Moies net méi verloossen. Och wann een daagsiwwer an Däitschland ënnerwee ass, gëllt et op eng Partie Mesuren opzepassen an Dës ze respektéieren. Esou wäert een zum Beispill am ëffentleche Verkéier eng FFP2-Mask undoe mussen. Eng stoffen oder eng chirurgesch Mask ginn dann net méi duer. Ausserdeem wäerten sech d'Membere  vun engem Stot nëmmen nach mat enger Persoun, déi net am Stot wunnt, treffen dierfen. Dat gëllt fir Treffen an der Ëffentlechkeet an am Privaten.

Beim Akafe kéint een och als Lëtzebuerger betraff sinn

Ausserdeem gëllen eng Partie Aschränkungen am Eenzelhandel. Hei kéint een och als Lëtzebuerger betraff sinn. Esou zum Beispill wann een op Tréier wëll akafe goen. Vun engem Inzidenz-Wäert vun 100 un, dierf een nëmmen nach mat engem negative Corona-Test akafe goen. Ausserdeem muss ee virdrun e Rendezvous geholl hunn. Vun engem Wäert vun 150 un, dierf een nëmmen nach Saachen, déi ee virdru bestallt huet an d'Geschäfter siche goen. Hei ginn et allerdéngs Ausnamen. Verschidde Butteker, déi essentiell Saache verkafen, dierfen och weiderhin opbleiwen. Wien zum Beispill an Däitschland an de Supermarché geet, wäert dat och weiderhi maache kënnen. Dat Selwecht gëllt dann och fir d’Coifferen. Och Dës bleiwe fir Clientë mat negativem Test op.

An de Schoulen, wäert bei engem Wäert vun 100 e Wiessel-Unterrecht agefouert ginn. S'Schüler an d'Enseignantë mussen sech 2 mol d'Woch op de Coronavirus teste loossen. Soss dierfen si net un de Coursen deelhuelen. Vun engem Wäert vun 165 un, gëtt da komplett op den Distanzunterrecht ëmgestallt. An de Crèchen, wäert vun dësem Wäert un nëmmen nach eng Nout-Betreiung stattfannen. An der Aarbechtswelt soll esou Wäit ewéi méiglech op den Homeoffice ëmgestallt ginn. D'Patrone mussen hir Ugestallter an den Homeoffice schécke wann Dat méiglech ass an déi Ugestallte mussen dës Offer vun hire Patronen unhuelen.

D'Terrasse kéinten nees zougoen

Och d'Restauranten an d’Hoteller wäerte bei engem Inzidenz-Wäert vun 100 mussen zoumaachen. Dat gëllt iwweregens och fir d’Terrassen. A Rheinland-Pfalz an am Saarland konnten dës jo Enn Mäerz nees opmaachen. Ausserdeem mussen déi kulturell Ariichtunge vun engem Inzidenz-Wäert vun 100 un zoumaache mussen. Dat Selwecht ass fir aner Fräizäit-Ariichtungen de Fall. Allerdéngs ginn et och hei Ausnamen. Esou dierfen zum Beispill Zooen an déi botanesch Gäert opbleiwen. Och hei wäert eng Visitt nëmmen nach mat engem negativen Test an enger Mask méiglech sinn.

Sport wäert bei engem Inzidenz-Wäert vun 100 nëmmen nach dobausse méiglech sinn. Dëst a Gruppe vu maximal 2 Leit. Persounen aus dem nämmlechte Stot wäerten och weiderhin zesumme Sport maachen dierfen. Kanner ënner 14 Joer wäerten a Gruppe vu maximal 5 zesumme Sport maache kënnen.

D'lescht Woch louch den Inzidenz-Wäert zu Tréier iwwregens bei 101,3. Um Internetsite trier.de kann een sech iwwert d'Entwécklung vum Inzidenz-Wäert zu Tréier informéieren.