D'Temperature klammen an d'Bikini-Saison steet virun der Dier. Vill Leit sinn iwwert déi Zäit fräi vun Hoer. Mee wat sinn déi bescht Methoden dofir?

Lauschtert eran

Grat wann d’Wieder besser gëtt an ee mol nees e Short oder eng Jupe undeet, gëtt sech mol gär nees d’Bee raséiert. D’Fro ass elo just wéi ee seng Buuschten am ideaalste fort kritt.

De Klassiker ass hei d’Gillette. Natierlech kritt een domat all klengt Hoer wech, allerdéngs net fir laang. No kuerzer Zäit spréissen nämlech schonn nees d’Stoppelen.

Donieft gëtt et dann natierlech och nach den Epiléierer. Hei ginn d’Hoer änlech wéi beim Zupfen, mat der Wuerzel aus der Haut gezunn. Bis zu 3 Woche bleift ee fräi vun Hoer.

Genau esou ass et och beim Waxing. Mindestens 3 Millimeter mussen d’Buuschten hunn, soss gëtt d’Wuerzel bei der Prozedur net mat eraus gezunn. Eng Alternativ dozou ass de Sugering. Dat funktionéiert genau d’nämmlecht just, dass et hei kee Wues ass, mee eng Crème aus Zocker, Waasser an Zitrounesaaft. Virun allem bei sensibeler Haut ass de Sugering unzeroden.

Déi Method déi am einfachsten ass an am mannste wéi deet ass eng Crème fir d’Hoer lass ze ginn. Huet een se bis op eng Plaz opgedroen, zersetze se d'Buuschte lues a lues an et kann ee se mat enger Kraz zesumme mat der Crème einfach erof krazen.

Zu gudder Lescht nach eng permanent Method. Mat enger Laserbehandlung kann een d’Wuerzel vum Hoer zerstéieren. No e puer Sitzunge beim Dermatolog bleift déi behandelt Plaz fir ëmmer fräi vun Hoer.