Et ass ee prett fir säin Date, Rendezvous oder Meeting – et fiizt ee sech schéin eraus an dann ob eemol huet een eng deck fett Eess matzen op der Stier.

Lauschter hei!

De Problem ass jo net nëmmen de Pickel, vill méi nerveg ass déi kleng donkel Plaz déi iwwereg bleift nodeems de Pickel fort ass – de medezineschen Term ass iwweregens “Postinflammatoresch Hyper-Pigmentéierung”.

Déi brong Plazen entsti wann d’Haut verletzt gëtt. Zum Beispill andeems sech d’Eess entzünt oder ee se ausdréckt. Doduerch gëtt da méi Melanin produzéiert. Melanin ass de Grond firwat mir brong gi wa mir an d’Sonn ginn. Esou soll een dann och d’Sonn vermeiden. D’UV-Strale verstäerken nämlech d’Bildung vun de bronge Plazen.

Generell gëllt: Keng Pickelen, keng Plazen! Dat heescht am Fong hëlleft alles wat d’Bildung vun Eessen am allgemenge reduzéiert, ewéi zum Beispill: Gesiicht regelméisseg wäschen.

Leider kann et awer och virkommen datt d’Pickel-Plaze länger bleiwen. An deem Fall kënne speziell Crèmen hëllefen, déi wärend e puer Méint genotzt musse ginn.

Et kann een awer och e Peeling benotzen. Duerch de Peeling erneiert sech d’Haut méi séier an déi brong Plaze verschwannen no e puer Uwendungen.

Sollte Crèmen a Peeling net hëllefen, kann een och bei den Hautdokter goen. Hei gëtt zum Beispill Laser-Therapie ugebueden. Natierlech kann een den Dokter awer och einfach no e puer Tipps froen, dee weess schliisslech am beschte wat gutt fir eis Haut ass.