D'Malediven, Hawaii, de Grand-Canyon oder de Cockpit vun engem Fliger. Den Hannergrond verréit villes iwwert är Perséinlechkeet.

Lauschtert eran

Ee Meeting ass net méi an engem grousse Sall an deem ee sech versammelt mee iwwert Videokonferenz. Ugefaangen huet dat ganz onspektakulär an et huet een d Wunneng vun deene verschiddene Leit gesinn. Mëttlerweil kann een do awer esou ee speziellen Hannergrond zauberen. Ma wat seet dee virtuellen Hannergrond iwwert een aus?

Hutt der een Hannergrond dee gutt zu ärem Teint passt an ee mat deem der iech identifizéiert da kënne mer iech gratuléieren, well dir gehéiert zu de Poser an de Videokonferenzen. Dat ass hei awer net negativ gemengt. Dir leet ebe Wäert drop iech gutt an Zeen ze setzen

Wann dir elo ee vun deene sidd, déi kee virtuellen Hannergrond hunn, da sidd der ganz einfach ee vun deenen authentesche Persounen. Iech ass et egal wann een en Deel vun ärer Wunneng gesäit. Dir stitt zu allem a weist dat och.

Déi Persounen déi den Hannergrond nëmme verwëschen, wëllen am Mëttelpunkt stoen. Wa jiddereen um virtuelle Strand sëtzt fält ee verschwommenen Hannergrond am meeschten op. En Egozentriker sidd der dowéinst awer nach laang net.

Da gëtt et do nach dee Kreativen. De Grand-Canyon, eng Wildwest-Stad oder eng fuerwesch Phantasie-Welt. Déi Leit freeë sech drop vun den Aarbechtskolleege Komplimenter gemaach ze kréie fir hier Kreativitéit.

Zu gudder lescht gëtt et do nach de Chaot. Et gesäit een d’Spull nach do stoen an opgeraumt ass et an der Kichen och net. Kloer, et kann een doheem maache wat ee wëll, ma an deem Moment ass d’Doheem een Deel vun der Schaff an do soll ee sech da schonn no baussen net als Messi presentéieren.