Huet een eng Apple-Watch, kann ee mam neien Update den iPhone mat Face-ID entspären an dat esouguer wa Mond an Nues bedeckt sinn.

Lauschtert eran

Nodeems op der Kaynote vun Apple nei Produite virgestallt goufen, ass dann och elo offiziell een neien iOS Update um Marché. Eng Rei kleng Changementer sinn do Virgeholl ginn, zum Beispill bei der Podcast-App a Siri. Donieft kënnen d’Notzer elo steiere wéi eng Uwendungen, Aktivitéiten ënnerhalb Apps an op Websites, tracken dierfen.

Natierlech huet sech Apple och nees dohannert gesat fir verschidde Feeler ze behiewe wéi zum Beispill, dass d'Mail-App just nei Noriichte gelueden huet wann den iPhone nei gestart gouf.

Am interessantsten ass awer ee Changement bei der Face-ID. Den Handy kann ee mam Gesiicht entspären, ma awer just wann ee keng Mask un huet. Esou war et bis elo mol de Fall an och do huet sech eppes gedoen.

Mam neien Update iOS 14.5 kann een nämlech elo den iPhone trotz Mask entspären an zwar a Verbindung mat enger Apple Watch vu mindestens der Series 3. Op der Auer muss och den Update WatchOS 7.4 installéiert sinn. Wann een elo eng Mask un huet an d’Funktioun ënnert iOS aktivéiert ass, gëtt den iPhone mat FaceID trotzdeem entspäert. D’Viraussetzung ass hei, dass d’Apple Watch an der Géigend vum Smartphone ass a mat engem Passwuert geschützt ass.

Wien also keng Apple Watch huet ka vun deem Feature leider kee Gebrauch maachen. Wat allerdéngs och net dramatesch ass, well mer jo schliisslech alleguerten hoffen, d’Masken net  mussen éiweg ze droen.