Wa Stare mat hire Museksvideoen een neien Danz etabléieren, probéiert di ganz Welt matzemaachen.  Hei sinn déi schlëmmsten Danztrends aus de leschte Joren.

Den Twerk

Dem Rihanna seng Beweegungen am "Work"-Video sinn mega – dat ass keng Fro.  Awer spéitstens säit d‘Miley Cyrus 2013 bei den MTV VMAs op d’Iddi koum, de Robin Thicke unzetwerken, an domat verschidde Leit motivéiert huet, sech d’Twerken géigesäiteg a sougenannten „How to twerk“-Tutorials bäizebréngen, soe mer: "Nee Merci!"

De Shuffle

Éischt Associatioun mam Shuffe si Jalousie-Brëllen a Glitzerleggins. De Shuffle ass awer eigentlech keng Erfindung aus den 2010er Joren, en ass ursprénglech an der Techno-Seene vun den 80er entstanen. En ass eigentlech och cool an och schwéier ze danzen, LMFAO hunn den Danz awer leider zu engem No-Go gemaach.

De Gangnam Style

De Gangnam Style war laang iwwerdriwwen erfollegräich. Op mannst wann een d’YouTube-Zuele kuckt. Bal 5 Joe laang huet sech de "Gangnam Style" als erollegräichste Video op der Plattform gehalen. E sëllegen eege Versich, Parodien an dee wuel schlëmmsten Ouerwuerm vun der Welt hu mer Psy ze verdanken. Merci!

Den Harlem Shake

Elo si mer op deem Punkt ukomm, wou d’Bezeechnung "Danz" net méi wierklech ubruecht ass. Den Harlem Shake war nämlech vill méi wéi dat : en Hype, ee Liewensgefill, a fir vill Mënschen den Ausbroch aus hirer Confortzone.

Ai Se Eu Te Pego

Et gëtt lues a lues béis düster hei am Ranking. Wee bis heihin duerchgehalen huet, dee packt och dësen Danz nach. Einfach op all Wuert eng Beweegung maachen. A wien de groovege Sound nach net ganz fillt, orientéiert sech einfach um fancy Sound vum Akkordeon.

De Ketchup-Song

Beim Ketchup-Song kënnt Vakanzefeeling op. Wann dee Song sech bis am Ouer festgesat huet, gëtt een en net méi lass. Et sief et lauschtert een d‘Nummer 1 an eisem Ranking.

Macarena

Wéi ass et méiglech dass de Macarena-Danz vun 1996 bis haut esou fest etabléiert bliwwen ass? An enger Grupp zesumme stoen, parallel d’Hänn ausstrecken, op d‘Hëft schloen an d’Knéi goen an sech em 90 Grad dréinen- méi ass et net. Eisen Nummer 1 am Ranking!

Egal wéi schlëmm a peinlech deen een oder anere vun den Dänz war an ass, erënneren se awer och u gemeinsam Partyen an un eng gutt Zäit mat Frënn a Kolleegen.