Lieft een an engem Appartement, huet scho sécher deen een oder anere sech gefrot ob een op sengem Balcon grillen dierf. Mir soen iech et.

Lauschtert eran

D’Wieder fänkt lues a lues u besser ze ginn a verschidde Leit wäerten och fir dëst Joer schonn op mannst eng Kéier de Grill ugeschmass hunn. Sief et ee klassesche Grill mat Holz a Kuelen, Gas oder Elektresch. Dat ass iech natierlech ganz iwwerlooss.

Déi Fro déi een sech allerdéngs elo ka stellen ass, ob een an engem Appartement op sengem Balcon de Grill dierf umaachen oder net. Am allgemenge kann ee do scho mol soen, dass engem seng Fräiheet do ophält wou engem anereseng ugeet.

Allerdéngs hänkt et och vun Appartement zu Appartement of. Fir sécher ze goen, ob dir ee Gas- oder Elektro-Grill dierft benotzen, rode mer un am ''règlement des copropriétées'' nozeliese wat do festgehale gouf. Do fannt der nämlech all Detail zu deem wat erlaabt ass a wat net

Dacks gëllt awer d'Reegel, dass keen Holzkuele-Grill dierf benotzt ginn, dat awer virun allem wéinst der Brandgefor a fir ze verhënneren, dass aner Lei top hire Balconen am Damp a Gestank sëtzen.

Fir de Recht kënnt der op ärem Balcon eigentlech maache wat der wëllt. Falls der awer elo eng ganz speziell Iddi hutt an iech net sécher sidd op der dat dierft, da frot einfach no.

Sécher ass sécher.