No engem Schaffdag ofzeschalten ass guer net esou einfach. Dacks plangt een nach d’Rendezvouse vum Dag duerno, et iwwerleet ee wat nach ze maachen ass, etc

Lauschter hei!

Eng Etüd aus dem „Journal of the American Geriatrics Society“ huet zum Gléck awer eng Strategie entwéckelt wéi ee besser schlofe kann a säi Stress reduzéiert.

Dat Ganzt huet mat Musek ze dinn. Wien nämlech virum Schlofe goe berouegend Musek lauschtert, schléift méi fest an huet eng méi roueg Nuecht – also vläicht an dësem Fall op Metal oder Techno verzichten. Am Beschte gräift een hei op klassesch Musek zréck a lauschtert déi fir mindestens 30 Minutten.

D’Fuerscher vun der National Cheng Kung Universitéit, hunn erausfonnt datt Musek mat 60 bis 80 Schléi pro Minutt am Beschten ass fir beim Aschlofen ze hëllefen. D’Musek soll nämlech d’Häerzfrequenz an de Bluttdrock reduzéieren, grad wéi d’Ootmung berouegen. Domat geet net just de Stress zeréck, mee och Angscht-Attacken huelen of.

Iwweregens ass de Schlof esouvill besser, datt Leit déi normalerweis ob Schlofpëllen zréckgräifen an Zukunft drop verzichte kéinten. Domadder awer net genuch: Wie 4 Woche laang roueg Musek virum Schlofe lauschtert, kann esouguer seng Schlof-Qualitéit permanent verbesseren.