Danzen heescht, eppes zesummen erliewen. Genee dat war wéinst de Coronareegele laang net méiglech.

Lauschtert hei de Reportage

Et läit eng haart Zäit läit hannert den Danzschoulen. Wéinst der Corona-Pandemie hunn si bal en halleft Joer missen zoubleiwen. Och elo ass d’Normalitéit nach net ganz zeréck, awer ëmmerhin dierf nees zesumme gedanzt ginn.

An der Danzschoul Li Marteling a Cathy Moes gouf den Training wärend 5 an en hallwe Méint komplett an den digitale Beräich verlagert. Kanner an Erwuessener hu missen iwwert en Ecran enseignéiert ginn - net evident, fir do d’Passioun ze behalen, soen d‘Schüler. Et huet een doheem net genuch Plaz, kee grousse Spigel an et ass och traureg, an engem Danzcours eleng ze sinn. Kuerz – et ass net dat selwecht!

125 Coursë goufen all Woch op Zoom gehalen. Bei engem Covid-Gesetz, wat 30 Meter Carré pro Schüler verlaangt, sinn Danzcoursen an der Grupp awer net méiglech gewiescht, seet d’Directrice Cathy Moes. Eng dauerhaft Léisung ass dat awer net.

Vill Ofmeldunge wéinst de Covid-Restriktiounen

Vill Schüler goufe virum Ecran demotivéiert fir weider ze danzen  a sinn an de leschte Méint ofgesprongen, seet d’Cathy Moes. Eleng virum Ecran hunn si d‘Freed um Danze verluer an hunn eng aner Sportaart ugefaangen, vrun allem well aner Sportcoursen entretemps nees opgoe konnten.

D’Cathy Moes hofft dass déi Schüler an den nächste Méint zeréck kommen, och wann een sech de Moment ëmmer nach muss un d’Corona-Realitéit upassen, dat heescht 10 Meter Carré pro Persoun, oppen Dieren a Fënsteren, a reegelméissegt Desinfizéieren.

Danzen heescht Emotiounen deelen

Kanner an Erwuessener kënnen nees zesumme kommen an dat deele wat d’Danzen ausmécht – nämlech gemeinsam eppes erliewen an Emotiounen deelen - an net eleng doheem sinn.

D‘Danze virum Ecran ka keen Danzcours an der Grupp ersetzen. D’Freed an den Danzschoulen ass deemno grouss iwwert di nei Ouverturen.

De Moment funktionéiert d'Danzschoul zum Deel an A/B-Gruppen: