Superkräft ze hu wier dach esou zimmlech dat coolst wat engem geschéie kéint. Da stellt sech just nach d’Fro: Wéi eng Superkraaft?

Lauschter hei!

Mëttlerweil ginn et bestëmmt dausende vu verschiddene Superhelde mat den ënnerschiddlechste Fäegkeeten. Vun Laser-Ae iwwert Gedanke liese bis zu super Geschwindegkeet ass quasi alles dobäi. Et ginn awer och Superhelden, déi esou blöd Superkräft hunn, bei deenen ee sech seet: What?!

Esou zum Beispill de “Stone Boy”. Seng Kraaft ass et – wien hätt et geduecht – sech a Steen ze verwandelen. Hien ass en Ausserierdesche vum Planéit Zwen. Hei verwandele sech Bewunner zu Stee fir duerch d’Wanterméint ze schlofen. De Problem:  An der Stee-form kann hie sech net beweegen! Säin Team huet also och keng aner Wal wéi hie wéi ee Steen ze notzen. Si geheien hien dann einfach op de Géigner oder loossen hie vun héije Plaze falen.

De Stone Boy ass awer net eleng, wann et dorëms geet onnëtz Superkräft ze hunn. Den Arm-Fall-Off-Boy ass mat ee vun de komeschste Superhelden déi et ginn. Seng Fäegkeet erméiglecht et him säin Aarm erofzehuelen a seng Feinde mat dësem ze schloen.

Den onnëtzste Superheld ass awer warscheinlech den Hindsight Lad. Hie huet keng speziell Fäegkeeten. Trotzdeem ass en zum Superheld ginn, zwar duerch Erpressung, mee hien huet et gepackt. De Problem:  Vue datt hie keng Superkraaft huet, probéiert hien dem Team aneschters ze hëllefen. Hien verweist seng Team-Memberen op Feeler déi se wärend Kämpf gemaach hunn... nodeems de Kampf eriwwer ass. Vläicht liicht ze spéit an net wierklech hëllefräich. Dat ass da warscheinlech och de Grond firwat den Hindsight Lad elo an der Administratioun schafft.