Vill vun iech haten et sécher scho mol eng Kéier, dass der bei engem ganz bestëmmte Lidd Héngerhaut kritt hutt. Ouni et wierklech ze wëlle sti bemol d'Hoer

Lauschtert eran

Fuerscher vun der Université de Bourgogne hunn an Etüden eraus fonnt, dass dat mënschlecht Gehier bei der Musek probéiert, déi akustesch Signaler op emotional Bedeitungen ze analyséieren. Et besteet deemno eng Verbindung tëscht den Emotiounen an der Musek. Am Géigesaz zu engem Computer späichert eist Gehier net eenzel Informatiounen, mee erënnert sech u ganz Situatiounen. Esou entsti Verbindungen tëscht Melodien an Erënnerungen an déi gi Wiesselwierkungen an.

Wa mer Musek mat verschiddenen Evenementer am Liewe verbannen, da ruffen déi Téin Gefiller op, déi mer deemools bei deem Song haten. Verantwortlech dofir ass dat esou genannten ''episodescht Gedächtnis'', en Deel vun eisem Laangzäitgedächtnis. Wien zum Beispill an der Disco bei engem ganz bestëmmte Lidd déi éischte Kéier mat senger zukünfteger Fra geknuutscht huet, wäert ëmmer nees dat Gefill verspiere wann en dat Lidd héiert.

D'Alissa Der Sarkissian, Fuerschungsassistentin um Brain and Creativity Institute op der Universitéit a Südkalifornien, huet zesumme mam Fuerscher Matthew Sachs ënnersicht, wéi sech d'Gehieraktivitéit vu Mënschen, déi bei ganz bestëmmte Melodien Héngerhaut kréien, vun deene Leit ënnerscheeden, déi dat net verspieren.

D'Resultater sinn an der Zäitschrëft '' Social Cognitive and Affective Neuroscience'' verëffentlecht ginn. Domat gëtt bewisen, dass Mënschen déi bei verschidde Melodien Héngerhaut kréien, méi Verbindungen tëscht dem auditoresche Cortex an deene Gehierregiounen hunn, déi fir d'Veraarbechte vu Gefiller zoustänneg sinn.

Déi Verbindunge suergen dofir, dass déi verschidde Beräicher vum Gehier besser matenee kommunizéieren.