Am Auto soll ee virun allem eppes maachen an zwar op d'Strooss kucken. Ma heiansdo steet ee bei enger rouder Luucht an do kann een dann och mol flirten.

Lauschtert eran

No 8 Stonne schaffen ass een endlech frou fir heem. Wann een dann och nach am Stau steet an all rout Luucht erwëscht, kann een och mol d'Nerve verléieren. Ma loosst iech net stressen a flirt einfach mol e bësse mat deene Leit déi niewent iech stinn.

Schenkt einfach mol der Persoun am Auto zu ärer rietser oder lénker ee Laachen. Villäicht freet dee jéinesche sech doriwwer a laacht iech esouguer zeréck. Dat gëllt natierlech fir de Stau op der Autobunn oder an der Stad.

Ma och wärend dem Fuere kann een engem ee laache schenken. Sidd der op der Autobunn an iwwerhuelt deen Auto virun iech, da kënnt jo och beim laanschtfueren deem Mënsch laachen. Natierlech ass et hei wichteg sech ëmmer op d'Strooss ze konzentréieren an nimools op Käschte vun der Sécherheet ze flirten.

Am séchersten ass et wann der Bäifuerer sidd a mat engem zweete Bäifuerer an engem aneren Auto e puer Blécker austauscht. Op kreativer Aart a Weis kann een esou souguer Nummeren austauschen andeems een déi eenzel Zuele mat de Fangere weist.

Wann der elo ee richteg gudde Flirt am Auto hat an der déi Persoun awer aus den Ae verluer hutt, well se eng aner Ausfaart wéi dir geholl huet, da probéiert iech d'Nummereschëld ze verhalen. Gesidd der den Auto iergendwann eng Kéier iergendwou stoen, wat gutt méiglech ass well Lëtzebuerg ass kleng, da kënnt der der Persoun een Ziedel mat ärer Nummer an d'Fënster leeën

Hei muss een tëscht flirten an umaachen ënnerscheeden. E Flirt ass spilleresch, de Schluss oppen an op béide Säite soll e Spaass maachen. Eng Umaach dogéint verfollegt ganz kloer d'Zil eng Persoun fir sech ze gewannen an dat ass net de Kär vun engem Autoflirt.