Kuerze Contenu ass fir User, déi no Ënnerhaalung oder konkreten Informatioune sichen. Deen Inhalt sollt dobäi awer och Loscht op méi maachen.

Lauschtert eran

An den 1990er Joren ass een duerchschnëttleche Verbraucher an deenen éischten 20 Joer vu sengem Liewe mat ronn enger Millioun Marketingmessagen a Beréierung komm. Haut läit dee Wäert bei iwwer 20 Milliounen. Esou de Springer-Auteur Stephan Richard am Buch ''Content Marketing - Charakteristika & trends''. D'Reizer déi op de Verbraucher awierken, sinn deemno enorm.

D'Iddie vum ''Snackable Content'' ass Contenu ze kreéieren, dee wéi ee Snack ass. Séier a virun allem bequeem mussen d'Informatioune kënne konsuméiert ginn. Perfekt dofir sinn zum Beispill Texter, Biller, Videoen, Infographiken a Podcasts, wann se natierlech deene Viraussetzunge gerecht ginn. Laange Contenu gëtt deemno net méi gäre gelies virun allem net um Smartphone an Desktop.

Jidderee vun eis scrollt reegelméisseg duerch déi sozial Medien a schenkt nëmme seelen enger ganz bestëmmter Saach Opmierksamkeet. Heiansdo bleiwe mer da bei engem bestëmme Sujet, enger Foto oder engem Video hänken. Dat well et eis interesséiert oder awer well eppes ganz spezielles eis Opmierksamkeet gewonnen huet an eis duerch ee kuerzen a clever gestallten Inhalt, fir e puer Sekonnen dozou bréngt net weider ze scrollen. Wann dat passéiert, dann entsprécht dat dem ''Snackable Content'' well laangem Contenue schenke mer ëmmer manner eis Opmierksamkeet.

Och an der Musek ass dee Phänomen elo opgetrueden. Déi zwee däitsch Rapper Summer Cem a KC Rebell hunn nämlech dee kierzten Album vun der Welt released. En heescht ''Fnfzhn'' an all Song dauert just 15 Sekonnen. Ee Phänomen, dee virun allem an der Musek, hoffentlech net ze dacks opkënnt.