"Jiddereen kann danzen, et muss ee just bereet sinn, sech drop anzeloossen", seet d'Cathy Moes.

Lauschtert hei de Reportage

Gedanzt gëtt op der ganzer Welt, an all Kultur, an all Altersgrupp. Dobäi ass Danz méi wéi just Beweegung. Et ass eng Méiglechkeet sech auszedrécken, Emotiounen ze deelen a mat anere Mënschen zesummen ze kommen. Dat ass och d’Philosophie vun der Danzschoul Li Marteling a Cathy Moes.

Säit 1978 gëtt et d’Danzschoul Li Marteling a Cathy Moes. Et war eng vun deenen éischten Danzschoulen, déi zu Lëtzebuerg hir Dieren opgemaach hunn, an et gëtt se ëmmer nach. Jiddereen ass wëllkomm, a soll d’Gefill hunn Deel ze sinn vun enger grousser Famill. Wéi d’Directrice Cathy Moes seet, si schonn vill Frëndschaften am Danzsall entstanen: "Et erlieft een eppes zesummen, et muss een u sech selwer schaffen. An dat bréngt engem dono vill Virdeeler am Liewen".

Ballet kann een och als Erwuessenen nach léieren

Mat Ballet an Jazz huet virun iwwer 40 Joer alles ugefaangen. Am Laf vun de Jore gouf d’Offer staark ausgebaut. Sou fënnt haut verschidde Stiler vu Ballet, et fënnt een Hip-Hop, Contemporain, grad wéi och Absolute Beginner Coursen fir Erwuessener, déi schonn ëmmer wollten Danze léieren. Fir unzefänken ass et nämlech ni ze spéit, seet d’Cathy.

Och bei Jugendlechen ass Danze voll am Trend. 2 Coursen hu besonnesche Succès. Engersäits den Hip-Hop wéinst dem aktuellen 90er Joren Trend, an anerersäits de Ballet, wou d’Kanner eng gewësse Struktur an Disziplin fannen, déi si grad an dësen turbulenten Zäite brauchen.

Danzen ass méi wéi just Schrëtt léieren

Beim Danze geet et net just ëm Beweegung, et geet ëm Stressofbau, Disziplin, Teamgeescht, sozial Kontakter a vrun allem ëm Spaass.

Leit déi keen Talent hu fir ze danze gi keng, seet d’Cathy. Jidderee kann et léieren, wann e bereet ass sech drop anzeloossen. Ween intresséiert ass, kann eng Kéier an d'Li Marteling & Cathy Moes Danschoul gratis probéiere goen.