Hënn gesinn hire Besëtzer änlech - eng Feststellung déi vill vun eis warscheinlech scho gemaach hunn. Mee ass dat wierklech wouer?

Lauschter hei!

Hënn gesinn hirem Besëtzer änlech oder de Besëtzer an den Hond hunn de selwechte Charakter. Eng Feststellung déi vill vun eis warscheinlech scho gemaach hunn. Mee stëmmt dat?

D’Äntwert ass e Jo an en Nee. Eng Etüd aus den USA huet sech méi genau domadder beschäftegt an erausfonnt datt et tatsächlech Ähnlechkeeten tëschent Besëtzer a Mupp ginn. Dat gëllt awer just fir rengrasseg Hënn a net fir Baaschterten.

De Fuerscher no läit dat dorun datt mir en Hausdéier wëlle wat e bësse wéi mir ass. Decidéiert ee sech e Mupp ze adoptéieren, sicht een no Charakteristiken déi engem selwer änlech sinn, esou de Micheal M. Roy vun der “University of California”.

D’Fuerscher-Team huet fir seng Etüd an engem Honds-Park Fotoe vu 45 Hënn an hire Besëtzer gemaach. Duerno goufen d’Testpersounen ugestallt aus 3 Fotoe passend Koppelen eraus ze sichen. D’Fotoe ware vum Hond, dem Besëtzer an eng war vun engem friemen Hond. Erstaunlecherweis  goufen eng ganz Rëtsch Hënn dem richtege Besëtzer zougeuerdent – et ginn also Ähnlechkeeten. Dës sollen awer esou subtil sinn datt d’Testpersounen net genau beschreiwe konnte firwat d’Fotoe beienee passen – et war méi e Bauchgefill.

Natierlech ginn et awer och méi offensichtlech Gemeinsamkeeten. Esou hunn zum Beispill emotional instabil Mënschen, méi nervös an onsécher Hënn. Extrovertéiert Leit hunn éischter energetesch an aktiv Hënn.

Et soll een awer net ze vill no Ähnlechkeete sichen. Et kann nämlech virkommen datt ee säi Verhalen op den Hond projezéiert, well ee sech selwer ariet datt de Mupp engem änlech ass.  Zum Gléck ass eis Aschätzung awer an de meeschte Fäll korrekt, esou d’Fuerscher.