Wanns du genuch dru gleefs, kanns du alles erreechen. En Zitat wat een als Kand warscheinlech méi dacks héieren huet. Mee klappt dat wierklech?

Lauschter hei!

Déi meescht vun eis soe sech mat Sécherheet datt dat net stëmmt. Ëmmerhi kompenséiert d’Iwwerzeegung eppes ze kënnen net di feelend Fäegkeeten. Just dru gleewen geet net duer fir Bäcker oder Informatiker ze ginn.

Mee eigentlech ass dat awer guer net esou falsch. Wien dru gleeft seng Ziler ze erreechen ass méi motivéiert an d’Motivatioun ass an deem Fall de Schlëssel zum Succès. Ass ee wierklech iwwerzeegt dovun datt d’Erreeche vum Zil eppes bréngt an datt een um Wee zum Zil och vill léiert, wäert ee méi séier iwwert d’Arrivée lafe wéi ee mengt.

De Géigendeel stëmmt awer och. Huet een eng “Egal-Astellung” ass een dacks net wierklech motivéiert. Esou fält engem d’Erreeche vun engem Zil enorm schwéier an et léiert een net vill bäi, well déi eegen Astellung ee behënnert.

Et gëtt hei awer en Trick. Et soll ee probéiere sech ze soen datt d’Zil nëtzlech ass. Zum Beispill: Mäin Zil ass et spuenesch ze léieren. Dat ass nëtzlech well ech géif gären a Spuenie wunnen. Esou ass ee motivéiert d’Sprooch ze léiere well een eng kloer Virstellung huet wéi een dës notze kéint – et ass een also vill méi motivéiert.

Wëllt een awer elo spuenesch léieren einfach well ee sech langweilt, ass ee vläicht fir e puer Deeg motivéiert, hält duerno awer warscheinlech erëm op.

Fir déi Leit déi dës Motivatiouns-Problemer kennen, kann et hëllefe sech virzestellen d’Zil wier eppes Nëtzleches. Et trickst ee sech souzesoe selwer aus.