© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!
Widder
Felix Jaehn ft Calum Scott - Love on Myself
An deene leschte Méint hunn d'Widdere geléiert wéi wichteg et ass mat sech selwer gutt ze sinn.
Stéier
Pohlmann - Wenn jetzt Sommer wär
Eis Stéiere si mam Kapp scho längst am Summer, an dreeme konstant vun de längsten Deeg vum Joer.
Zwilling
Shakira ft Maluma - Chantaje
Bleiwen oder goen? Eis Zwillinge sinn an engem Gefills-Dilemma gefaangen
Kriibs
Tate Mc Rae - You Broke Me First
Obwuel se elo d'Schold kréien, wëssen d'Kriibsen, dass si de Sträit net ugefaangen hunn.
Léiw
Robin Schulz ft Marc Scibilia - Unforgettable
Een Dag aus de leschte Méint huet sech am Gediechtnis vun de Léiwe festgebrannt.
Jongfra
Usher ft Lil Jon & Ludacris - Yeah!
Dot iech eppes Guddes, a gönnt iech ee gudde Plat op enger schéiner Terrasse.
Wo
Post Malone - Wow
Eis Woe kënnen net ophalen u fréier ze denken, a wéi normal deemools alles war.
Skorpioun
J Balvin Feat Dua Lipa, Bad Bunny & Tainy - Un Día
Fir d'Skorpioune kann deen ee wichtegen Dag net séier genuch kommen.
Schütze
Jason Derulo ft Snoop Dogg - Wiggle
Huelt d'Lafschlappen an de Grapp a powert iech emol gutt aus!
Steebock
Nico Santos & Topic - Like I love you
Eis Steebéck hunn eng nei Leidenschaft fir sech entdeckt, a schwätzen elo non-stop doriwwer.
Waassermann
Snow Patrol - Run
Et gëtt kee Wee méi zeréck. Mat all Schrëtt loossen d'Waassermänner hiren ale Wee hannert sech.
Fësch
Roxy TonesS Feat. Dominic Neill - Dancing In The Corner
Wann der iergendeen am Park oder am Bus danze gesitt, ass et sécher ee Fësch am Danzféiwer.