En Ofschalte vu Cattenom, géif dem Energieminister Claude Turmes no, op wirtschaftlechem an energeteschem Plang Sënn maachen.

Am Film ''An zéro'' gëtt gewisen, wéi Lëtzebuerg no engem gréisseren Accident am Atomkraaftwierk zu Cattenom géif ausgesinn, oder eben net géif ausgesinn. Am Film verschwënnt Lëtzebuerg nämlech wéinst esou engem Accident vun der Bildfläch. Dësen Zenario wier dem Energieminister Claude Turmes no net komplett aus der Loft gegraff. D'Kraaftwierk zu Cattenom läit nämlech besonnesch no um Süde vum Land. Dem Claude Turmes no, misst ee sech an dëser Diskussioun ëmmer virun Aen halen, dass de Gros vun der Lëtzebuerger Industrie am Süde vum Land stoe géif an dass den Zentrum vum Land och den ekonomeschen Zenter vum Grand Duché wier. Ma well grad dës 2 Regioune bei engem groussen Accident zu Cattenom besonnesch staark betraff wieren, wieren d'Konsequenze vun esou engem Accident fir Lëtzebuerg dramatesch.

Ma de potentielle Risk vun engem groussen atomaren Accident wier net déi eenzeg Konsequenz vun der Stroumproduktioun mat Hëllef vun der Atomkraaft. Och déi nuklear Offäll, déi bei der Produktioun vu Stroum an Atomkraaftwierker entstinn, géifen nach fir op d'mannst zéngdausende Joren eng Belaaschtung fir d'Ëmwelt duerstellen.

Claude Turmes: Lëtzebuerg kritt och ouni Cattenom genuch Stroum

Ma am Fall vu Cattenom kéint een dem Energieminister no, dëse Problemer aus dem Wee goen. Eng Etüd, déi vun der Lëtzebuerger Regierung an de Regierunge vun den däitsche Bundeslänner Saarland a Rheinland-Pfalz an Optrag gi gouf, ass nämlech zu der Konklusioun komm, dass et Cattenom net bräicht fir, dass d'Versuergung mat Stroum zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun assuréiert ass. Ee Grond dofir, wier dem Minister no de massiven Ausbau vun den erneierbaren Energien. Esou sollen iwwer déi nächste Joer virun allem grouss Wandkraaftanlagen gebaut ginn. An dëse gëtt pro Joer ronn 10 mol esouvill Stroum, ewéi am Kraaftwierk zu Cattenom, produzéiert.

Lauschtert hei de Reportage!

Dem Claude Turmes no, missten déi nei Wandkraaftanlagen iwwerdeems net an der onmëttelbarer Géigend vu Lëtzebuerg gebaut ginn. Vue dass Lëtzebuerg en Deel vun engem groussen Stroumnetz, zu deem och nach 7 aner Länner gehéiere wier, géif et duer goen, wann de Stroum dee bis elo zu Cattenom produzéiert gëtt, op enger anerer Plaz an dësem Netz produzéiert gëtt. Esou laang dat de Fall wier, kéint dëse Stroum ouni Problemer op Lëtzebuerg bruecht ginn. Ausserdeem géife fir de Fall dass, Cattenom vum Netz goe géif, keng zousätzlech Käschte fir de Lëtzebuerger Steierzueler entstoen. Lëtzebuerg wier zwar u Gespréicher fir sech un der Finanzéierung vum Ausbau vun erneierbaren Energien ze bedeelegen. Dëst hätt awer näischt mat Cattenom, mä mat de Verflichtungen vu Lëtzebuerg op europäeschem Plang ze dinn.

Bei de Käschten, déi den Endverbraucher fir de Stroum bezuele muss, wier de Stroum, deen aus erneierbaren Energie gewonne gëtt an der Reegel nëmmen hallef esou deier, ewéi de Stroum, deen an Atomkraaftwierker, déi haut gebaut ginn, produzéiert gëtt. Dem Minister no wier et doduerch och wirtschaftlech sënnvoll déi al Atomkraaftwierker, déi vum Netz musse geholl ginn, duerch Wand- oder Solarkraaftanlagen ze ersetzen.

Frankräich wëll den Undeel vun der Atomkraaft un der Stroumproduktioun reduzéieren

Den Ament wier iwwerdeems duerchaus eng Chance do, dass d'Kraaftwierk ofgeschalt gëtt. Frankräich huet nämlech decidéiert den Undeel vun der Atomkraaft un der nationaler Stroumproduktioun vu 75 op 50 Prozent ze senken. Dowéinst mussen an deenen nächste Jore ronn 15 Atomkraaftwierker ausgeschalt ginn. An dëser Saach wéilt ee Frankräich matdeelen, dass vum Kraaftwierk virun allem eng Gefor fir Lëtzebuerg an Däitschland an net fir Frankräich ausgeet. Dëst géif fir Frankräich ënnert anerem dowéinst e Problem duerstelle, well de potentielle Schued, deen no engem Accident zu Cattenom zu Lëtzebuerg entsteet, Frankräich besonnesch deier kaschte géif. Dëst wéinst der juristescher Situatioun hei am Land.

Dem Claude Turmes no, géif also op  politeschem,  ekonomeschem an energeteschem  Plang alles fir en Ofschalte vu Cattenom schwätzen.