D'Turnschong sammelen ass scho säit Joren ee grousst Hobby bei ville Leit. Dorëms dréint sech elo och eng Ausstellung am Design-Musée zu London.

Lauschtert eran

Marke wéi Adidas, Nike, Converse a Puma hunn eppes gemeinsam an zwar sinn et alles unerkannte Sportmarken. Hier Produite sinn net just Kleeder fir den Alldag, mee se schaffen och mat ganz vill grousse Sportler zesummen. Nach vill méi wichteg ass awer de Fait, dass all Label eis mat ikonesche Sneakers gepräägt huet. Dat esouwuel d'Jugendkulture wéi och d'Moudewelt an domat hu se d'Grenz tëscht deene béide quasi verschwanne gelooss.

Enn Mee huet den Design-Musée zu London eng Ausstellung mam Numm Sneakers Unboxed: Studio to Street lancéiert a weist vill verschidde grouss Sneaker-Ikone wéi zum Beispill Air Jordans vun Nike, Converse Chucks, dem Kanye West seng Yeezys oder och Triple-S Sneakers vu Balenciaga. Et gëtt deemno eng Geschicht vun alen an neie Kollaboratioune gezielt an et gëtt gewisen, dass Moud a Kultur fest matenee verbonne sinn.

D'Ausstellung ass eng Zort Rees duerch den Designprozess, an der d'Leit alles iwwert d'Schong an deene bekanntste Kollaboratioune léiere kënnen. Eigentlech ass dat Ganzt an zwee Beräicher ënnerdeelt: Style a Performance. Niewent der ganzer Geschicht gëtt och erkläert wéi et iwwerhaapt dozou komm ass, dass verschidde Sneakers zu Ikone gi sinn.

Déi ganz Ausstellung mécht vum 18. Mee bis de 24. Oktober 2021 seng Dieren op.