Dat natierlech an de States. Ma et kann een awer net nëmme gratis Donuts kréie wann ee sech géint de Coronavirus impfe léisst.

D'USA sinn net fir näischt ëmmer nees bekannt als Land vun den "onbegrenzte Méiglechkeeten". Dat beweisen d'US-Amerikaner och elo nees am Kader vun der Corona-Kris. Aktuell gëtt am Land jo ganz vill geimpft. Ongeféier all 7. Amerikaner soll effektiv schonn opmannst eemol geimpft ginn.

An do ginn et och eng ganz Partie Entreprisen déi dat beloune wëllen, wann ee sech impfe gelooss huet. Esou haten eng Rei Aktivisten am Bundesstaat New York d'Campagne "Joints for Jabs" gestart. Also een Joint wann ee sech impfe gelooss huet. Ma et ginn awer nach weider gratis Wueren oder Aktiounen fir d'US-Amerikaner wa se sech geimpft hunn.

Esou zum Beispill bei enger grousser Kette bei der ee Bürosartikelen wéi Klameren, Bléck oder Post-Its ka kafen. Do kënnen d'Leit dann hir Impf-Kaart gratis plastifizéiere loossen. Dat fir sécher ze stellen, dass dës net op eemol futti geet, an een da kee Beweis méi huet, dass een effektiv geimpft ass.

Lauschtert hei eran!

Bei enger grousser amerikanescher Béiermark kann ee sech da bis de 16. Mee eng gratis Béier besuergen. D'Konditioun hei: et muss een eemol kloer geimpft sinn. An dann natierlech wéinstens 21 Joer al sinn. Wann ee méi jonk ass, dierf een an de States jo keen Alkohol verkaf kréien.

Dee beschten Deal gëtt et awer wuel fir Fans vun engem klengen Zockerschub dertëscht. Dat bei enger grousser Donut-Ketten. Wie geimpft ass, kann hei ee Joer laang all Dag ee gratis Donut kréien. Jo wierklech all eenzelen Dag vum Joer. Dofir muss een och net als éischt een Donut kafen oder esou. Et geet duer einfach mat senger Impfkaart an eent vun de Geschäfter ze goen, dës ze weisen, an da kann ee scho mat engem leckeren Donut eraus. Natierlech wien e bëssen op seng Figur wëll oppasse notzt dës Offer villäicht besser net all eenzelen Dag aus.