Mueres, mëttes oder owes? D'Meenunge ginn do zimmlech wäit Auserneen. Pauschal gëtt et nämlech keng perfekt Auerzäit.

Lauschtert eran

Sport ass fir vill Leit en Deel vum Alldag an anerer probéieren dat nach zu hirem Zil ze maachen. Wann ee schonn trainéiert dann natierlech och effektiv an zu der richteger Zäit. Wärend déi eng mueres virun der Schaff schonn an de Fitness ginn oder een Tour duerch de Bësch lafen, maachen anerer et an der Mëttesstonn oder no der Aarbecht.

Fir iech ass et just wichteg är ënnerlech Auer ze respektéieren. Wann dir eng Persoun sidd déi mueres net gutt aus dem Bett kënnt da forcéiert näischt a maacht äre Workout léiwer méi Spéit. Wéi der eraus liest geet et hei ëm ären eegene Rhythmus.

Ëmgedréint ass et natierlech genau dat nämmlecht. Hutt der kee Problem mam fréien Opstoen, da maacht äre Sport onbedéngt scho virun der Schaff. Dat bréngt, ganz niewebäi gesot, zousätzlech Motivatioun fir dee ganzen Dag, wat och schonn a villen Etüde bewise ginn ass.

Beaflosse kënnt der déi Zäit net wierklech. Déi ënnerlech Auer ass genetesch festgeluecht. Dëst léist sech, wann iwwerhaapt, nëmme mat extrem groussen Effort iwwert ee laangen Zäitraum änneren. Et ass schwéier mee net onméiglech. Hei ass et wéi bei villem: Bleift drun a bäisst op d'Zänn. Allerdéngs besteet de Risiko, dass de Kierper mat der Ëmstellung net eens gëtt. Probéiert är Situatioun esou objektiv wéi méiglech ze beurteelen a reagéiert dorop.

Zesummefaassung

Frühausteher  = Sport um fréie Mueren
Spätaufsteher = Sport am Nomëtten oder am Owend

Forcéiert är ënnerlech Auer net.