Kierperlech inaktiv Mënschen hunn een 2,5-mol méi héije Risiko um Covid-19 ze stierwen. Esou eng Etüd aus dem ''British Journal of Sports Medecine''.

Lauschtert eran

An der Etüd gëtt beschriwwen, dass de Risiko un enger Corona-Infektioun ze stierwen, bei Mënschen ouni reegelméisseg Beweegung bal 2,5 - mol méi héich ass wéi bei Mënschen, déi mindestens 150 Minutte pro Woch Sport maachen.

D'Ustrengung bei der sportlecher Aktivitéit soll nëmmen esou grouss sinn, dass een dobäi net sange kann, esou de Robert Sallis ee vun den Auteuren aus der Etüd. Sport kann d'Moossnamen am Kampf géint d'Pandemie zwar net ersetzen, ma ass awer ee grousse Faktor an der Risiko-Miniméierung.

Moderat Beweegung fuerdert d'Immunsystem, esou d'Dokteren am Interview mat der Noriichtenagentur Spot on News. Ze héich Belaaschtung wéi zum Beispill ee Marathon, iwwerlaaschten d'Immunsystem heefeg. Dat weess een aus verschiddenen Ënnersichungen. Liichte Sport, Beweegung a moderat Ustrengung si fërderlech an hëllefe mat der Belaaschtung fir eist Immunsystem besser fäerdeg ze ginn.

Fir déi genannten Etüd sinn Donnéeë vu bal 50'000 Mënschen ausgewäert ginn. D'Leit si reegelméisseg zu hire sportlechen Aktivitéite befrot ginn an doraus ergëtt sech dann dat genannte Resultat. Der Etüd no ass de Risiko vun engem schwéiere Krankheetsverlaf bei inaktive Leit duebel esou héich wéi bei sportlech aktive Persounen. De Risk op der Intensivstatioun ze lande läit ouni Sport esouguer 73 Prozent méi héich. Et ginn och Indicen dorop, dass d'Corona-Schutzimpfung bei kierperlech aktive Mënsche besser wierkt wéi bei Net-Sportler.

Am allgemenge kann ee festhalen, dass Sport ëmmer vu Virdeel ass.