Wéi eescht si meng Gefiller fir eng aner Persoun? Dat fannt der un deenen heiten Unzeechen eraus.

D'Léift ass net ëmmer ganz einfach. Net nëmme well een net weess wat déi aner Persoun denkt. Mee heiansdo si mer eis och net sécher wéi mer da wierklech fillen.

Wéini ass et Léift, a wéini maache mer eis eppes fir? Heiansdo menge mer nämlech, oder hoffen och, dass mer eis an eng aner Persoun verléift hunn. Dobäi gëtt et ee groussen Ënnerscheed tëscht: "net ouni deen anere liewe kënnen" an "Zäit zesumme genéissen".

Stellt iech dofir eng Rei Froen. Hei gëllt et virun allem éierlech ze sinn! Ass een zum Beispill gäre bei dëser Persoun, well ee se wierklech interessant fënnt, a well der net emol mierkt ewéi d'Zäit verflitt? Oder genéisst der et einfach just Opmierksamkeet ze kréien? Et ass och wichteg sech éierlech ze froen ob ee just mat dëser Persoun ass well een onbedéngt eng Bezéiung wëll! Villäicht ass een och éischter an eng idealiséiert Virstellung vun der Persoun verléift, an net a si selwer.

Lauschtert hei eran!

Eng aner Fro op déi een eng Äntwert brauch: ass d'Unzéiung zu der anerer Persoun reng kierperlech? Et ka souguer sinn, dass een déi Persoun an all Hisiicht genial fënnt, mega mat hir laache kann, ee sech immens wuel fillt, ma awer keng Unzéiung verspiert. Da wäert fir Iech op mannst, d'Relatioun wuel ni iwwert Frëndschaft oder platonesch Léift eraus goen.

Et ass och dowéinst wichteg sech déi Froen ze stellen an éierlech dorop ze äntweren, well ëmmer eng aner Persoun mat eegene Wënsch a Gefiller steet. A wann der feststellt, dass är Gefiller villäicht net esou staark sinn, ass et wichteg dat och oppen an éierlech ze soen.