Schonn eleng d'Virstellung, dass eise Partner eis kéint verloossen ass grausam. Ma wann een déi Angscht permanent huet muss een eppes dogéint maachen.

Lauschtert eran

Fir unzefänken muss ee sech bewosst sinn, dass Trennungsängscht net einfach esou opkommen. Wien zum Beispill als Kand a senger Famill eng knallhaart Scheedung matgemaach huet, deet sech a sengem Liewe spéiderhi méi schwéier fir sech ze bannen.

Wann de Partner esou eng Angscht huet, ass dat natierlech fir déi ganz Bezéiung eng extrem Belaaschtung. Onbehandelt kënnt een aus der Spiral aus Angscht net méi eraus an d'Relatioun zu senger besserer Hallschent geet zimmlech sécher an d'Brëch.

Huele mer mol un dir sidd an der Situatioun vun der Persoun, déi esou Ängschte verspiert. Dann ass et wichteg mat ärem Partner doriwwer ze schwätzen. Et kann een nämlech net erwaarden, dass sech eng Situatioun ännert wann een de Problem net uschwätzt an och ganz kloer seet wat ee bedréckt.

Mat Hëllef vun ärem Frënd oder der Frëndin kënnt der iech och vun enger Persoun Hëllef huelen déi déi ganz Situatioun zu 100% objektiv beurteelt. Domat ass elo net dee beschte Kolleeg oder déi bescht Frëndin gemengt, mee ee professionelle Paartherapeut oder esouguer ee Psycholog.

Saachen, Gedanken a virun allem Ängscht a sech eran ze friessen ass hei definitiv net d'Léisung.