Pinguin, Léiw oder Schleek: Ronderëm Braunschweig weist eng Outdoor-Kaarten-App ëmmer nei GPS-Figuren. De Kënschtler ass elo och fonnt ginn.

Lauschtert eran

Mat der Applikatioun ''Komoot'' kann ee flott Weeër mam Vëlo fannen, sech op Wander-Tour maachen oder esouguer ganz nei Weeër kreéieren. Virun allem wann ee gär an der Natur ass, ass dat eng App déi definitiv dat hält wat se versprécht.

Huet ee sech ee Konto ugeluecht, kann ee wéi gesot och seng eege Weeër selwer maachen an déi och späicheren. Vun der Funktioun huet och den 62 Joer ale Volker Weinlich gebrauch gemaach an ass dobäi och nach richteg kreativ ginn. Hien hannerléisst net einfach just seng Spueren a Weeër op der App, mee mécht dorausser kleng Figure wéi zum Beispill een Elefant, Nashorn, Hond oder eng Rous.

Säit ronn engem hallwe Joer moolt de Mann zu Fouss oder mam Velo GPS-Biller vun Déieren, Gesiichter oder Texter an d'Landschaft a stellt se an d'Netz. Säin éischt Bild war ee Léiw. D'Opzeechnung vun der Tour ronderëm braunschweig huet deemno un d'Wappendéier vun der Stad erënnert.

De Mann ass an der Pensioun an huet sech esou een neit Hobby zougeluecht mat deem e mëttlerweil zollit duerch d'Medie geet. Kreativitéit huet de Volker esou gekonnt verbonnen.