Déi eng haassen de grousse Büro, déi aner kéinten et sech net firstellen eleng ze sëtzen. Läit de Grond fir déi verschidde Meenungen villäicht un der Plaz?

"So mer wou's de sëtz an ech soen der wéi zefridden dass de bass!" Esou ongeféier kéint ee wuel d'Resultat vun enger Etüd resuméieren. Dës gouf vum University College London duerchgefouert an huet sech domat beschäftegt, wéi eng Ausiwerkung d'Sëtzplaz an engem grousse Büro op eis huet.

Eng fréier Etüd hat jo uginn, dass Büro an deenen een zu ville Mataarbechter zesumme sëtzt eis krank maachen. Ma dëser neier Etüd no, géing et awer vill dru leien wou mer sëtzen. Déi Persounen, déi zum Beispill wéineg Leit am Réck sëtzen hunn, eng Fënsterplaz hunn an dann och nach de ganze Büro gesinn hu quasi den Jackpot geknackt.

Lauschtert hei eran!

Besonnesch de Faktor vill Aarbechtskollegen am Réck ze hu géif nervös maachen. Dat well ee riskéiert Saachen ze verpassen, an een d'Gefill huet keng Kontroll ze hunn. Een aneren Faktor deen als immens negativ bewäert gëtt ass wann ee vill Büroe viru sech stoen huet. Dat géif et verhënneren anstänneg mat Aarbechtskollegen ze kommunizéieren.

Ee weidere Punkt dee vill ausgemaach huet: d'Unzuel u Mataarbechter an engem Groussraumbüro.  Wat d'Team méi kleng ass, wat d'Leit méi zefridde sinn wa se all zesumme sëtzen. Dat well doduerch d'Zesummenaarbecht an d'Kommunikatioun nohalteg verbessert gëtt. Kee Grond fir de Chef also eppes ze soen wann emol eng Ronn gepotert gëtt am Büro.