Sträit kënnt an all gutt Bezéiung mol fir. Mir verroden iech, wéi der mat ärem Partner richteg streit, ouni Chaos auszeléisen.

Lauschtert eran

Eigentlech ass et beim Streide wéi bei villem. Esoulaang et a Moossen ass, ass et ze acceptéieren an ze erdroen. Huelen déi éiweg Diskussiounen allerdéngs d'Iwwerhand, da riskéiert een d'Kontroll ze verléieren a kee Fouss méi op de Buedem ze kréien.

Wann der ärem Partner eppes soe wëllt, dann ass den Zäitpunkt scho mol ganz wichteg. Virwërf no engem laangen an haarden Aarbechtsdag brénge seelen dee gewënschten Erfolleg. Waart of bis äre Léifsten entspaant an oppe fir ee Problemgespréich ass.

Ee weideren Tipp ass, sech net vu senger Roserei steieren ze loossen. An der japanescher Medezinn gëtt et nämlech ee gudden Trick fir ze berouegen: Konzentréiert iech op d'Hara-Zentrum. Dat läit ongeféier véier Zentimeter ënnert dem Nuebel. Otemt déif an a probéiert ze spiere wéi den Otem an dëse Beräich stréimt an dir doduerch entspaant.

Sidd der bis am Gespréich, da kuckt ärem Partner dobäi an d'Aen a probéiert äre Vis-a-Vis ze kopéieren. Déi selwecht Kierpersprooch signaliséiert ënnerbewosst, dass een op enger Wellelängt ass. Ganz wichteg ass dobäi net méi haart ze schwätz wéi den aneren.

Donieft ass et wichteg keen ze verletzen, sech kuerz ze faassen a Léisunge proposéieren an der Plaz dovunner engem Schold zouzeweisen.

Esou misst dat mat der nächster Diskussioun klappen. Déi Methode kënnt der iwweregens och op der Schaff uwenden.