Mënschen, déi ëmmer no besseren Optiounen d'Aen ophalen an dowéinst ee Rendez-Vous kuerzfristeg ofsoen, nennt ee ''Social Zapper''. Ma wéi kënnt dat?

Lauschtert eran

Wisou soe verschidde Mënschen a leschtem Moment of a wéi kann een déi Leit Charakteriséieren? An enger Etüd ass eraus komm, dass déi Leit sech mat der Approche aner Optiounen ophalen a Charakterzich wéi Machiavellismus, Narzissmus oder Psychopathie opweisen.

D'Fuerscher hunn 190 Leit am Alter vu 17 bis 30 Joer zu deem Thema befrot. Eraus komm ass, dass déi Persounen déi dacks ofsoen, impulsiv sinn an dacks hir Rendez-vousen no hanne verréckelen. D'Wëssenschaftler vun der Universitéit Duisburg-Essen hunn deemno eng Verbindung tëscht Social-Zapping Mënschen hiergestallt, déi sech ëmmer déi bescht Stécker vum Kuch eraus huelen a Mënschen déi hir Frënn zu hirem eegene Virdeel ausnotzen. D'Experte wollten hei wëssen, ob et méiglech ass,  Charakterzich vu Social Zappern ze nennen an ze definéieren.

Obwuel all gemoossen Eegenschaft eng Verbindung mat Social-Zapping-Verhalensweisen opweist, weist d'Tendenz zum Machiavellismus déi gréisste gemoosse Wäerter. Dëse Charakterzuch beschreift eigentlech Persounen, déi manipulativ funktionéieren, sech als méi wichteg wéi anerer ugesinn a Situatioune fir sech notzen an dat op Käschte vun aneren. Dobäi kommen och nach Narzissmus-Mënschen, déi keng Empathie hunn an zu iwwerméissegem Ego a Stolz tendéieren.

Heiansdo kann een och mol kuerzfristeg ofsoen. Wann dat awer eng Gewunnecht gëtt, kann ee sech mol Froe stellen.