Zanter iwwert engem Joer setze mir am Homeoffice an dat wäert sech warscheinlech och net änneren. Dat huet awer och Virdeeler, zum Beispill fir d’Ëmwelt!

Lauschter hei!

Mëttlerweil freeë vill Leit sech warscheinlech erëm op de Büro schaffen ze goen. Ëmmerhi kënnt een aus dem Haus an et kann een do wéinstens e bësse mat de Kolleege schwätzen. Leider wäert den traditionelle Büro mat héijer Warscheinlechkeet awer net erëm kommen. Amplaz wäert en Hybrid-Modell genotzt ginn. Dee verbënnt nämlech dat Beschten aus dem traditionelle Büro an dem Homeoffice.

De Grond: Vill Betriber hu gemierkt, datt vun doheem aus schaffen zum Deel vill méi praktesch ass. Esou spuert de Betrib zum Beispill Plaz, Stroum an aner Ressourcen.

Mee domadder net genuch: Och fir d’Ëmwelt ass en Hybrid-Modell praktesch! Wärend deem leschte Joer hu sech nämlech verschidden Trends entwéckelt.

Wann een am Homeoffice schafft, fält zum Beispill e groussen Deel vum Trajet fort. Ausserdeem sinn och Geschäftsreesen iwwerflësseg ginn, Zoom oder Microsoft Teams sinn ëmmerhi praktesch Alternativen. Et ass een direkt verbonnen an et produzéiert een definitiv manner CO2 wéi wann een de Fliger muss huele fir e Meeting um aneren Enn vun der Welt.

Dat bréngt och mat sech, datt een ouni Problemer mat Leit aus der ganzer Welt zesumme schaffe kann. Esou huet een als Betrib e risege Choix un internationalen Aarbechter. Et kann een op der ganzer Welt no Verstäerkung sichen.

Och d’Roll vum Büro wäert sech änneren. Hei soll et net méi dorëms goen einfach just eng Plaz fir ze schaffen zu Verfügung ze stellen, mee eng Plaz wou ee seng Aarbechtskolleegen untreffe kann – eng Aart sozialen Treffpunkt also.