An enger Bezéiung tickt een aneschters: Et ass ee méi léif, méi frëndlech an u sech einfach e bessere Mënsch – op allefalls an der Reegel.

Lauschter hei!

Dat kennt awer net vun Ongeféier. Bezéiungs-Experten a Psychologen hunn nämlech erausfonnt, datt eis Verhalen an der Bezéiung duerch eisen “Bindungs-Stil”, also eis Approche fir d’Bezéiung beaflosst gëtt.

De Wëssenschaftler no gëtt eise “Bindungs-Stil” duerch eis Kandheet beaflosst. Eis fréi sozial Erfarungen an Interaktiounen hunn e groussen Effekt op eis spéider Bezéiungen. Natierlech spillen awer och nach aner Faktoren ewéi d’Genetik, d’Gebuertsjoer oder d’Famill eng Roll.

Hei déi 3 Haapt-Bezéiungs-Typen: „De Sécheren”, „den Ängschtlechen“ an „den Verschlossenen“.

De séchere Bezéiungs-Typ huet am Normalfall genuch Selbstvertrauen an ass an der Lag seng Emotiounen a Bedierfnesser gutt ze regléieren. Dëse Grupp huet an der Reegel keng Problemer domadder aneren ze vertrauen an hinnen hire Fräiraum ze ginn. Si sichen no Stabilitéit, engem Sënn a Freed um Liewen.

Den ängschtlechen Typ huet mat schwankendem Selbstvertrauen ze kämpfen. Dacks huet dës Grupp Angscht, datt se vun anere refuséiert gëtt. Dat ass och de Grond firwat ängschtlech Leit no Unerkennung a Bestätegung sichen. Den Experten no kann dat un engem Mangel u Struktur an Opmierksamkeet wärend der Kandheet leien. An der Bezéiung kann dat dann och zu Sträit féieren, well ee manner no sech selwer kuckt a méi no deem wat de Partner brauch. Esou entsteet en Ongläichgewiicht, wat fir Tensioune suergt.

De verschlossenen Typ ass dacks méi negativ agestallt. De Grond läit hei an der fréier Kandheet. Zum Beispill well d’Elteren een dacks eleng doheem gelooss hunn, respektiv sech generell net vill ëm ee gekëmmert hunn. Leit aus dëser Grupp hu Problemer Relatiounen anzegoen a si mësstrauesch - och wann d‘Leit hinnen no stinn.

Natierlech heescht dat awer net datt ee fir ëmmer zu enger bestëmmter Grupp gehéiert. De Mënsch verännert sech wat ee méi al gëtt, genee esou de Bezéiungs-Typ.