Wärend der Pandemie hu sech verschidden Trends entwéckelt. Ufanks war et Bananne-Brout, elo sinn et Podcasts. Déi hunn nämlech decke Succès. Mee firwat?

 

Lauschter hei!

E gudde Podcast kann iwwert alles a jidderee goen an trotzdeem interessant sinn. Dat ass awer nëmmen ee vun de Grënn firwat mir Podcasts lauschteren. Media Market Insights huet dat méi genau ënnersicht.

Der Etüd no lauschtere mir déi meeschte Podcasts wa mir zum Beispill um Wee fir op d’Aarbecht oder fir heem sinn. Mee och owes virum aschlofen, fir ze entspanen oder sech ofzelenken; beim botzen oder einfach fir d’Zäit ëm ze kréien. De Podcast kann hëllefe sech gedanklech ze entspanen, et leeft ee souzesoen op Autopilot - ustrengend Aufgabe falen engem esou méi einfach.

D’Fuerscher konnten am ganze 4 Gruppen identifizéieren. All Grupp huet e perséinleche Grond firwat si gäre Podcasts lauschteren.

Esou kann een zu der “Gourmet-Grupp” gehéieren. Déi lauschteren de Podcast nämlech konzentréiert fir dobäi ze entspanen. Hei gëtt haaptsächlech gelauschtert fir ze lauschteren an ze genéissen.

Déi zweete Grupp lauschtert d‘Podcasts als Iwwergangs-Hëllef. Et déngt also quasi als Hannergrondgeräisch fir den Trajet op d’Aarbecht. Et mécht de Stau méi angenehm an et léiert een esouguer eppes bei.

Déi drëtt Grupp lauschtert d’Podcasts fir aus enger Situatioun ze flüchten. Hei déngt de Podcast als Oflenkung.

Déi véiert Grupp notzt de Podcast fir langweileg Aktivitéite méi interessant ze maachen, wéi zum Beispill botzen, raumen oder schaffen.

Natierlech kann een awer och zu méi wéi enger Grupp gehéieren - ëmmerhi ginn et vill gutt Grënn Podcasts ze lauschteren.