Sech mat senger besserer Hallschent ze streiden ass ni einfach. Fir elo aus deem Zodi eraus ze kommen gëtt et een Zauberwuert.

Lauschtert eran

Virun allem am Ufank vun enger Bezéiung ass alles perfekt a Problemer gesäit ee beim Partner net oder nach net. Heiansdo huet ee mol eng kleng Diskussioun, déi sech dann awer nees séier a Loft opléisst well ee sech jo esou onbeschreiflech gär huet. Dacks passéiert dat well ee vu béide méi Waasser a säi Wäi schëtt wéi dee Géigeniwwer.

No e puer Méint oder Joren, ännert sech déi Situatioun a méi wichteg Thematike ginn ausdiskutéiert. Woubäi een och muss soen, dass eng Diskussioun oder ee Sträit an enger Bezéiung ganz normal ass. Ma et soll een awer een A drop behalen an oppassen, dass déi Streidereien net ze dacks virkommen. Ass ee bis op deem Punkt ukomm, ass dat kee gutt Zeechen a sprécht net fir eng glécklech Zukunft.

Esou wäit esou gutt, ma wéi kënnt een dann elo aus dem Sträit eraus? Virun allem wéi ee Wuert bewierkt do Wonner? Déi Fro ass séier beäntwert: Autsch! Op den éischte Bléckt kléngt dat net wierklech villverspriechend, ma dee Gedanken täuscht massiv.

Fänkt äre Partner un iech verbal ze attackéieren an ze verletzen, dann ass et wichteg ze soen, dass der iech getrëppelt villt. Respektéiert äre Partner iech, hëlt e sech dat zu Häerz an d'Gespréich geet normalerweis an eng aner Richtung. Wann dat awer net de Fall ass an äre Géigeniwwer näischt drop gëtt, dass en iech verletzt huet, muss der iech Gedanken doriwwer maachen, ob der dat an Zukunft a kaf huelt.

Ma och hei gëllt et awer sech bewosst ze sinn, dat net ze dacks ze maachen, well soss gitt der net méi fir serieux geholl.