Verschidde Liewensmëttel loossen den Insulinspigel an d'Luucht schéissen an dono nees falen. Genau dat ass de Grond wisou mer midd ginn.

Lauschtert eran

Bei der ganzer Thematik ass de glykämëschen Index entscheedend. Dëse gëtt nämlech de Bluttzockerwäert fir 50 Gramm Kuelenhydrater un. Liewensmëttel mat engem héije GI, erhéije logescherweis de Bluttzockerspigel, deen dono da wéi gesot och nees rapide fält. Dës Baisse mierke mer andeems mer glëschtereg a midd ginn.

Besonnesch hefteg sinn hei Liewensmëttel mat vill Zocker a Produiten aus pulveriséiertem Miel. Dat Miel enthält nämlech quasi keng Ballaststoffer a ginn am Dënndaarm séier a Glukose ëmgewandelt. Wien elo beim Kaffi eng gebeesse Schmier, dono eng mat Nutella an ee Kaffi mat vill Zocker zou sech hëlt, léisst säin Insulinspigel an d'Luucht schéissen.

Fir der Saach aus de Féiss ze goen, gëtt recommandéiert natierlech Produiten zou sech ze huelen. Déi loossen de Bluttzockerwäert net Achterbunn fueren a suerge fir eng gewësse Stabilitéit. D'Opspléckung vu réiem Geméis fänkt eréischt no 1 an 1/2 Stonn am Déckdaarm un a ka bis zu fënnef Stonnen daueren. Den Zocker aus planzleche Liewensmëttel gëtt deemno vill méi lues vum Kierper opgeholl a léisst de Bluttzocker net esou rapide klammen.

probéiert méi komplex Kuelenhydrater zou iech ze huelen, déi vill Ballaststoffer enthalen. Domat bleift der nämlech och méi laang sat. Dozou zielen zum Beispill Vollkarbrout a -Pasta, mee och Naturräis, Bieren oder Leguminosen. D'Gehier gëtt deemno iwwert méi ee laangen Zäitraum mat Energie versuergt an als positiven Nieweneffekt gëtt een och net esou séier midd.