Vun deene klenge Symboler maache mer quasi all Dag gebrauch. Ma wéi eng Emojie passen eigentlech am beschten zu eiser Perséinlechkeet?

Widder

Widdere si gären ënnerwee an ënnerhuele vill. Latze kënnt fir si net a Fro an dofir ass d'Flamen-Emoji perfekt fir déi Leit.

RTL

© emojipedia

Stéier

Dir këmmert iech zwar ëm är Léifsten, dot iech selwer awer och mol gären eppes Guddes. Dat Stärenzeeche léisst sech gär verwinnen a steet eigentlech och fir Glamour. Den Diamant passt do am beschten.

RTL

© emojipedia

Zwilling

Dir sidd gären ënnert de Leit an haasst et eigentlech den Dag eleng ze verbréngen. Dofir passt den Emoji vun den Zwillingen déi sech d'Hand ginn am beschten.

RTL

© emojipedia

Kriibs

Kriibse si bekannt dofir, de Lei wëlle guddes ze doen. Dir sidd fir se do a maacht alles fir se. Donieft lauschtere se op hiert Bauchgefill. Am beschte beschreift dëse Charakter de Smiley mat den Häerzer.

RTL

© emojipedia

Léiw

Erënnert ee sech un de Film ''Lion King'', da mécht et Sënn dëst Stärenzeeche mat engem Kinnek ze vergläichen. D'Léiwe stinn nämlech gären am Mëttelpunkt an dofir passt d'Kroun hei perfekt.

RTL

© emojipedia

Jongfra

Se gëllen als Perfektionisten a plangen alles bis an dee klengsten Detail. Donieft wësse si d'Natur, Ëmwelt an d'Déieren ze schätzen. Passend dozou ass den Otter.

RTL

© emojipedia

Wo

Gerechtegkeet an Harmonie charakteriséieren d'Wo. Net ze vergiessen ass allerdéngs d'Phantasie, déi gutt Laun an de Sënn fir Moud. Déi lackéiert Neel sinn hei dee perfekte Choix fir déi Mënschen ze beschreiwen.

RTL

© emojipedia

Skorpioun

D'Skorpioune gëllen als geheimnisvoll. Angscht kenne se net a loosse sech vun hiren Instinkter leeden. Passend dozou ass de Smiley mam Sonnebrëll.

RTL

© emojipedia

Schütze

Dynamesch, oppen a Loscht op Aventuren. Dat mécht de Schütze aus. Eegenschaften déi perfekt an enger Well erëmzefanne sinn.

RTL

© emojipedia

Steebock

Buedemstänneg, Flichtbewosst an och e bëssen un der Traditioun orientéiert. Domat geet et awer nach net duer well, Erfolleg, Eleganz a Ambitioune gehéieren och dozou.

RTL

© emojipedia

Waassermann

Waassermänner si kreativ, charismatesch an hëllefsbereet ma awer och wiesselhaft. Hei passt dee laachende Smiley mat der Tréin ideal.

RTL

© emojipedia

Fësch

Déi Leit hunn d'Fësch, d'Mier an alles wat domat ze dinn huet gär. Dobäi si se awer och e bësse verdreemt, intuitiv an ee bësse mystesch.

RTL

© emojipedia