Ween hätt geduecht, dass d'Leit sech scho virun 180 Joer Gedanken iwwert eng vegetaresch Ernierung gemaach hunn.

Lauschtert eran

An zwar war dat den 1803 gebuerene Chemiker Justus von Liebig. Hien hat probéiert, mat Ierbessen als Fleeschersatz de Leit hier deeglech Dosis un Eewäiss ze liwweren.

Domadder wollt hien d’Ernierung an der Arméi vereinfachen an hei souwuel d’Käschte wéi och d‘Fleeschnotzung reduzéieren.

Leider sinn duerch Ierbesse vill Testpersoune krank ginn, a kruten Halluzinatiounen, Wanvirstellunge souwéi onkontrolléierbare Bols.

Nodeems dëst Experiment ofgebrach gouf, huet de Justus von Liebig ugefaangen sech fir ee Fleeschextrakt ze interesséieren, wat hien duerch Erhëtzung vu Fett, Seenen a Muskelfleesch mat Waasser produzéiert huet. Doduerch ass eng zéi Massen entstanen, déi nach bis haut benotzt gëtt vir Fleesch ze ersetzen.

Och haut gëtt nach heiansdo Fleeschextrakt benotzt, vir zum Beispill Zoppen oder Zosen ze maachen.

An der moderner Kiche ginn oft méi bëlleg planzlech Gewürzer wei zum Beispill Maggi oder Knorr benotzt, déi wirtschaftlech gesinn méi rentabel sinn.

Wei ee gesäit, war och scho virun 180 Joer d’Iddi vun enger vegetarescher Ernierung do. Dës hat deemools awer nach een anere Grond a war éischter finanziell méi interessant. Haut sinn och ëmmer méi Leit déi sech vegetaresch ernären, mat finanzielle Grënn huet dat haut awer näischt méi ze dinn.