De 16. a 17. Juli 2021 invitéiert d'Insel Pāpiliōnem op déi zweet Editioun vun Tomorrowland ''Around The World''.

Lauschtert eran

Nodeems de Festival bei hirer éischter digitaler Editioun ee groussen Erfolleg feiere konnt, läit et op der Hand, ass do eng Fortsetzung kënnt. De 4. Mee 2021 am spéiden Owend ass déi Info vum Festival selwer annoncéiert ginn. Dat heescht de Verkaf vun den Tickete start de 6. Mee um 15h00 eiser Zäit.

Zwee Deeg, vu Freides dem 16. Juli bis Samschdes de 17. Juli invitéiert Tomorrowland op déi magesch Insel Pāpiliōnem. Zwee Deeg Festival-Feeling mat deene gréissten a bekanntsten Nimm aus der electronic dance music kombinéiert mat der weltbeschter Technologie am 3D-Design, Videoproduktioun a Spezialeffekter.

De Festival ass fir all Alter accessibel an dat iwwerall op eisem Planéit. Bis ewell ass bestätegt, dass Kënschtler wéi Adam Beyer, Armin van Buuren, Claptone, Nicky Romero an Tale Of Us, dëst Joer mat dobäi wäerte sinn. Et kommen hei allerdéngs nach grouss Nimm dobäi, déi bis elo awer nach net offiziell bestätegt goufen.

D'Visiteure kënne sech um virtuelle Festival fräi beweegen an dat zum Beispill mam PC, Laptop, Smartphone oder Tablett. Heifir gi keng speziell Geräter oder VR-Brëller gebraucht. Wéi d'Organisateure vun Tomorrowland op hirem Site schreiwen, ruffen se d'Leit op sech doheem Festival-Feeling ze zauberen. Feiert mat Kolleegen, dekoréiert doheem, dot iech u wéi um Tomorrowland a probéiert iech a Gedanken a virtuell op d'Insel Pāpiliōnem ze zauberen.