© Pexels
3 Ännerunge sollen de Leit, an Zäite vum Coronavirus, d'Reese méi einfach an och méi sécher maachen.
Duerch de Virus waren d'Leit, virun allem am Ufank vun der Pandemie, méi oder wéineger gezwonge manner ze reesen. Wat net heescht, dass d'Leit d'Loscht dorunner verluer hunn, de Géigendeel éischter ass de Fall. De Besoin säi Land ze verloossen a mol eppes anescht ze gesinn ass grouss a gëtt ëmmer méi grouss.
No eegenen Aussoen, verzeechent d'Firma esou vill Recherchen a Punkto méigleche Vakanzendestinatiounen an de Mesuren déi do gëllen, wéi nach ni. Op déi Nofro huet Google reagéiert. Si wëllen de Leit verlässlech Infoen a punkto Mesuren zur Verfügung stellen an alternativ Touristenattraktiounen ubidden.
Wien an Zukunft iwwer Google Travel no enger Destinatioun sicht, krut net nëmmen allgemeng Informatiounen iwwert d'Destinatioun, mee och Infoen zu deenen do aktuelle Covid-19-Mesuren. Genau Informatioune kritt der direkt iwwert ee Link.
Des weidere ginn et Neiegkeete bei der Erkunden-Kaart, déi schonn aus Google Flüge bekannt ass. Déi bidd net méi just aktuell Fluchpräisser, mee och alternativ Ziler. D'Iddi ass hei fir d'Vakanzendestinatiounen net just op e puer bekannte Stied ze fokusséieren.
Och Google Maps huet e puer Changementer virgeholl. Plangt der elo eng Rees mam Auto, kritt der Automatesch Tëschestoppen ugewisen. Notzt der déi Funktioun op ärem stationäre PC, kritt der uewe vun der Säit Hoteller, Tankstellen an och Plazen ugewisen op deenen der mol eng Paus aleeë kënnt.
Duerch Google gëtt d'Reesen no an no ëmmer méi einfach.