D'Lolli-Tester solle fir d'Schüler manner desagreabel sinn. Amplaz mat engem d'Staf an d'Strass gefuer ze kréien, mussen si just un enger Lutsch suckelen.

Wann d'Kanner an Nordrhein-Westfalen d'nächst Woch moies an d'Schoul kommen, kritt jidderee vun hinnen e klenge Staf un deem si 30 Sekonne laang suckele sollen. Dëse Staf gesäit aus wéi eng Lutsch. Dohier och den Numm ''Lolli-Test''. Duerno stiechen alleguerten d'Kanner hire Staf an déi nämmlecht Test-Ampull. Dës Ampull gëtt dann am Labo analyséiert. Dës Tester sinn also keng Schnelltester, mee PCR-Tester. Dës sinn an der Reegel méi zouverlässeg.

Well beim Lolli-Test eng ganz Klass zesumme getest gëtt, läit d'Resultat hei méi séier fir ewéi wann all Schüler en eenzele PCR-Test maache géif. Eréischt wann de Lolli-Test e positiivt Resultat uweist, ginn alleguerten d'Schüler nach eng Kéier eenzel mat engem PCR-Test getest. Ausserdeem soll de Lolli-Test manner desagreabel sinn. Amplaz mat engem d'Staf an d'Strass gefuer ze kréien, mussen d'Schüler einfach just 30 Sekonnen un enger Lutsch aus Plastik suckelen.

Ma wieren dës Lolli-Tester eng Alternativ oder eng Ergänzung zu de PCR- a Schnelltester déi den Ament hei am Land an de Schoulen agesat ginn?

Heizou huet d'Direktioun vun der Santé op Nofro hi matgedeelt, dass een sech des Tester zesumme mam Educatiounsministère ugekuckt hätt. Allerdéngs hätt een d'Lolli-Tester net selwer evaluéiert. Dowéinst kéint een och keng detailléiert Ausso zu der Fiabilitéit vun dësen Tester maachen.

Lauschtert hei de Reportage!

Iwwerdeems wier net nëmmen d'Fiabilitéit e Krittär bei der Entscheedung gewiescht wéi eng Tester sollen an de Schoulen agesat ginn. Och de Präis an d'Einfachheet vun der Notzung wieren an dës Entscheedung agefloss.

Allerdéngs schwätzt um Niveau vun der Fiabilitéit een entscheedende Krittär géint d'Lolli-Tester. Nämlech deen, dass d'Spaut-Prouwe vun de Schüler zesumme getest ginn. Doduerch géing den Test u Sensibilitéit verléieren. Dat wier dann och de Grond gewiescht, aus deem ee sech géint den Asaz vun dësen Tester an de Lëtzebuerger Schoulen entscheet hätt.