Rouden, Wäissen oder Rosé – Wäin ass e Genossmëttel an e Luxus. D’Präisser variéieren hei vun 2€ fir e 5L-Tetra-Pak bis hin zu knapp 850.000€ pro Fläsch!

Lauschter hei!

Dës horrend deier Fläsch ass awer natierlech keng Gewéinlech. Heibäi handelt et sech ëm eng Fläsch Wäin déi 14 Méint laang mat der “International Space Station” am Weltall ronderëm geflunn ass. Den Ausgangs-Produit war en 2000er “Pétrus” aus Frankräich, vun deem eng Fläsch normalerweis schonn ëm 5.000€ kascht.

Am Ganze goufen 12 Fläsche vum roude Wäin an de Weltraum geschoss. Alles am Optrag vu “Space Cargo Unlimited”, engem europäesche Betrib mat Sëtz hei zu Lëtzebuerg.  D’Haaptmissioun vun der Firma ass nei Methode fir d’Landwirtschaft ze entwéckelen an erauszefanne wéi sech Liewensmëttel am Weltraum verhalen oder veränneren.

Ufanks vun dësem Joer sinn d’Fläschen dann erëm hei bei eis ukomm. Sommelieren no schmaacht de Weltraum-Wäin méi developpéiert, wéi wann en 2 bis 3 Joer méi al wier.

Wien also e Wäikenner ass an ongeféier 1.000.000 USD oder 850.000€ op der Säit huet, dee ka sech eng vun deenen 12 Fläsche sécheren. Déi gëtt nämlech mat Accessoirë vum Auktiounshaus Christie’s versteet.

Am Ganze kritt een dann 2 Fläsche Wäin – eng Kéier deen aus dem Weltraum an eng Fläsch normale Pétrus fir ze vergläichen. Des Weidere gëtt de Wäin an enger handgemaachter Këscht mat enger Karaff, Glieser an engem Stoppenzéier aus Meteorit geliwwert. Also eng zimmlech exklusiv Kombinatioun.

RTL

© Christie's Images