© Pexels
Eigentlech ass Alkohol ni gutt fir eis Gesondheet. Verschidden Indice weisen drop hin, dass ee virun allem no enger Impfung dorop verzichte soll.
Wann ee bis d'Corona-Impfung hannert sech huet, kann et eventuell sinn, dass deen een oder aneren dorop wëll ustoussen. Eng Approche déi een allerdéngs net wierklech ënnerstëtze soll. Et ass esou, dass nach keng wëssenschaftlech Etüden dozou gemaach gi sinn, ob Alkohol sech negativ op d'Wierkung vum Impfstoff auswierkt. Bekannt ass awer, dass Alkohol d'Immunsystem schwächt. Virun allem passéiert dat, well déi wäiss Bluttkierpercher duerch den Alkohol geläämt ginn. Bekannt sinn déi och nach ënnert dem Numm Fresszellen oder Leukozyten a spillen eng wichteg Roll an der Bekämpfung vu Krankheetserreeger. Dorausser kann ee schléissen, dass eis Oofwierkräft méi schwaach sinn, wat de Promillewäert méi héich ass.
Bei enger Impfung gëtt d'Aarbecht vum Immunsystem ganz geziilt ugereegt. Bei dësem Mechanismus stéiert Alkohol net nëmmen, mee kann de Kierper esouguer zousätzlech belaaschten. Dat hu Fuerscher schonn am Joer 2015 an der Fachzäitschrëft ''Alcohol Research'' verëffentlecht. Donieft kéint den Alkohol d'Niewewierkunge vun Impfungen esouguer verstäerken.
Et ass bekannt, dass Alkohol d'Niewewierkunge vu Medikamenter stäerke kann an, dass ee vun den Niewewierkunge vum Biontech-Impfstoff, Kappwéi ass, esou den Hygieniker Dr. Georg-Christian Zinn via-à-vis vun ntv.de nach virum Ufank vun den Impfungen an Däitschland.
Fir sécher ze goen recommandéiere mer an der Period vun der eegener Impfung gutt opzepassen a fir dech Recht natierlech Verantwortungsbewosst domat ëmzegoen.