Eng Glatz a jonkem Alter ass näischt Flottes, mee et ka geschéien. Ufanks ass et e kléngt Lach, mee et gëtt séier méi grouss bis een da keng Hoer méi huet.

Lauschter hei!

All zweete Mann iwwer 20 kann oder muss domadder rechnen datt e seng Hoer verléiere wäert. Wat ee méi al gëtt, wat d’Chance méi grouss gëtt, e Plakkapp ze kréien. 85% vun all de Männer hunn um Enn eng Glatz. Mee firwat verléiert een eigentlech seng Hoer?

Dat ka vill verschidde Grënn hunn, vun ierflech bedéngte Konditiounen, iwwert Krankheeten oder Infektioune bis zu engem ongesonde Liewensstil. Deemno wat de Grond ass, geet een och am Beschte bei den Dokter. Zum Gléck kann een awer och selwer eppes ënnerhuelen.

Wëll een elo seng Hoer stäerken, da soll een op seng Ernierung oppassen a vill Vitaminnen zou sech huelen. Och Proteinne si wichteg fir eis Hoer. Ëmmerhi bestinn déi quasi just aus Protein. Deemno soll ee vill Eewäiss iessen, also Poulet, Fësch, Eeër, Lënsen a sou weider. Och Mineralstoffer wéi Zénk an Eise kënnen d’Hoerwuerzele stäerken.

Iwweregens ass d’Fëmmen och net gutt fir d’Hoer. Den Nikotin an den Zigarette kann nämlech d’Vitaminn- an d’Nierstoff- Opnam vun den Hoer blockéieren. Dat selwecht gëllt fir iwwerméissegen Alkohol-, Zocker- a Fett-Konsum.

Och Haushaltsmëttel kënnen hëllefen. Zum Beispill Zwiwwels-Jus, einfach op de Kapp domadder a waarden. De Jus erhéicht d’Duerchbluddung a stimuléiert d’Wuerzelen. Mat Béier klappt dat och. Einfach d’Hoer wäschen an duerno einfach de Béier fir 30 Minutten amasséieren an erëm auswäschen. D’Masséieren hëlleft iwweregens och ouni Béier.

Falls dat awer alles näischt sollt déngen, da gëtt et nach ëmmer d’Paréck oder d’Hoertransplantatioun. Manner opwänneg ass et awer einfach mat der Glatz ze  liewen.