"Tea, Love & Happiness", dat ass d'Philosophie hannert dem lokale Produit.

Wat ass déi beschte Reklamm fir en Téi? Warscheinlech, wann esouguer Leit ufänken es gären ze drénken, déi eigentlech net esou Fan vum waarme Gedrénks sinn. Genee esou war et bei de 6 Schüler vum Diplome + aus dem LTPS, déi d’Mini Entreprise LuxTea an d’Liewe geruff hunn.

No engem gemeinsame Workshop hunn déi Jonk decidéiert zesumme mat enger lokaler Téi-Firma e Konzept op d’Been ze stellen. D’Resultat: 100%ege lokalen a saisonalen Téi.

Mat enger Lëscht vu lokale Kraider, déi zu Lëtzebuerg ugebaut ginn hunn d’Schüler 4 verschidden Zorte kreéiert, eng fir all Saison.

Direkt beim éischte Versuch hunn d’Schüler déi richteg Mëschung fonnt an och hire Favorit stoung séier fest: den Hierscht. Esouguer d’Leit aus der Ekipp déi net esou gären Téi drénke ware begeeschtert. Ma wie sech elo selwer vum Produit iwwerzeege wëll, kann entweder de ganze Set bestelle fir 16 Euro oder och just eng vun de Saisone fir jeeweils 4,50 Euro.

Lauschtert hei d'Reportage

Aktuell ass den Téi an der Produktioun, virbestelle kann een awer elo schonn a geliwwert gëtt esoubal en dann do ass. De Client muss sech dofir net deplacéieren, ee Mol an der Woch (donneschdes) maachen d’Schüler hir Liwwerungen a bréngen den Téi bis bei d’Dier. Méi Informatiounen iwwert d'Mini-Entreprise an d'Konzept fannt dir hei.