D'Reesen ass scho säit engem Joer net méi esou wéi mer et gewinnt waren. Mir hu fir iech Alternativen zu deene klasseschen Touristendestinatioune gesicht.

Lauschtert eran

De Gedanken aus der aktueller Situatioun ze flüchten, och wann et nëmme fir eng oder zwou Wochen ass, mécht sech bei de Leit ëmmer méi bemierkbar. Et wëll een einfach mol e bëssen eppes anescht gesinn an ofschalten. Fir awer elo ze verhënneren, dass jiddereen op déi nämmlecht Plaz flitt oder fiert, hu mer hei e puer Iddie fir iech.

Menorca

Ee vu ganz ville beléiften Ziler ass Mallorca. Ma de klenge Brudder dovunner, nämlech Menorca huet un Natur quasi genau dat nämmlecht ze bidden. Massentourismus an iwwerlafe Stränn fënnt een do net. Wisou d'Leit et net direkt dohinner zitt ass well net wäit wéi gesot Mallorca ass an Ibiza. D'Leit tendéieren dann éischt hire Congé do ze verbréngen. Wann een dat bis weess, kann ee sech eng flott Vakanz do gënnen an dat ganz ouni ee grousse Risiko vun enger méiglecher Infektioun, well einfach manner Leit do sinn.

Formentera

Déi klengst vun de Balearen-Inselen ass Formentera wat net heescht, dass d'Insel mat deenen aneren net mathale kann oder esouguer besser ass. Wäiss Stränn, kloert Mier an dat wéi an der Karibik. Dat ass ee Bild wat der op Formentera gebuede kritt. Fir iech dat ganzt nach méi kloer ze maachen ass et wichteg ze soen, dass d'Platja de Ses Illetes am Norde vun der Insel ee vun deene schéinste Stränn vun der Welt ass.

Azoren

Et ass eng Autonom Regioun vu Portugal an ass eng Inselgrupp am Atlantik. 
Gebuede kritt een do villes u wat een net onbedéngt direkt denkt. Delfinen, Haien, Walen, Deckelsmouken, Rochen a Co. All déi Déieren erwaarden een op der Insel dat niewent de Vulkanen, Lagunen a Bierger. virun allem wann ee mol eppes anescht wëll maachen oder einfach op eng Plaz reesen, déi een net direkt um Radar huet, sinn d'Azore perfekt.