A verschiddene Situatioune géing een am léifsten Nee soen, mécht et dann awer net well ee fäert een ze verletzen. Mir soen iech wéi ee richteg Nee seet.

Lauschtert eran

Et gi Leit, déi wëllen et jidderengem Recht maachen a passe ganz gutt op kengem op d'Féiss ze trëppelen. D'Resultat dovunner ass, dass een net genuch no sech kuckt an ze dacks Jo seet amplaz Nee. Enger Persoun einfach mol ee Gefalen ze maachen ass ee coolt Gefill a verbessert d'Laun, dat ass kloer, ma awer och just a Moossen. Mat engem klengen Trick kléngt een Nee vill méi Sympathesch an dee Géigeniwwer wäert iech och net béis sinn.

1. Alternativen ubidden

Hutt der enger Persoun mol Nee gesot, da bitt direkt eng Alternativ un. Sot der zum Beispill ee Rendez-vous of, da proposéiert direkt een neien Datum. Domat weist der, dass der gewëllt sidd iech ze gesinn an, dass Interesse do ass.

2. Empathie weisen

Dir kënnt en Nee och einfach ganz anescht formuléieren an dat andeems der empathesch sidd. Versetzt iech an d'Situatioun vun ärem Géigeniwwer a sot zum Beispill eppes wéi dat heiten: Ech weess, dass de mol nees Loscht hues zesummen eppes drénken ze goen, mee am Moment hunn ech wéineg Zäit dofir.

3. Léisungen ubidden

Probéiert direkt Léisungsorientéiert ze handelen. Domat vermëttelt der den Androck, dass der wierklech wëllt hëllefen. Hutt der awer elo net vill Zäit dofir, sot der einfach, dass der gären hëlleft mee, dass der dofir e bëssen Zäit braucht. Dir setzt iech domat net ënner Drock, hutt Zäit fir iech a fir d'Hëllef an dat ganz ouni een ze verletzen.

Dir gesitt also, dass een Nee net ëmmer schlecht ass. Iwwerdréit et awer net mam Auswäichen, well dat kann och no hanne lassgoen.