Koralle si quasi d’Blumme vum Mier. Mat hire Formen a Faarwe gesäit d’Ënnerwaasserwelt wéi en anere Planéit ausgesinn. Leider ass e Groussdeel um stierwen!

Lauschter hei!

De Grond ass d’Exploitatioun vum Mier an de Klimawandel. Koralleriffer déi honnerte vu Joer gebraucht hu fir ze wuessen, kënnen ënnerhalb vu 5 Minutte komplett zerstéiert ginn. Erhéichte Waassertemperature féieren dozou datt d’Korallen hier Faarwe verléieren a lues a lues futti ginn.

Esou entsteet en neie Problem; well ¼ vun alle Mieresbewunner liewen nämlech an de Koralleriffer a sinn och op dës ugewisen. Zum Gléck schaffe Fuerscher aus Singapur  awer dorunner dës ze retten an zwar mat hëllef vu Lego!

Richteg héieren – Lego! Koralle brauchen nämlech eng platt a stabil Uewerfläch fir drop ze liewen. Dann ass e Lego Block genau dat richtegt, esou d’Neo Mei Lin déi leedend Mieresbiologin vum Projet.

Fuerscher huele kleng Stécker vun der Korall a pechen se einfach un e Lego Block. Duerno kommen se an en Aquarium an deem d’Mini Korallen a Sécherheet opwuesse kënnen. Hei liewen se da mat verschiddene Muschelen, Mieres-Schleeken, an anere Mieres-Wiesen zesummen. All Aquarium ass u sech  e klengt Koralleriff.

De Projet wäert awer definitiv länger daueren, well d’Korallen enorm lues wuessen. Verschiddener wiere schonn zanter Joren an engem Aquarium. De Virdeel ass datt ëmmer erëm kleng Stecker Korall benotzt kënne gi fir doraus nei Korallen ze ziichten.

De Projet schéngt awer schonn déi éischt Friichten ze droen. Esou si vill Zorte Fësch erëm méi dacks un der Küst vu Singapur unzetreffen, genau ewéi den “Neptune’s Cup Sponge”, en enorm rare Schwamm deen ausgesäit wéi en risege Becher.