Déi schweedesch Firma Spotify huet 2018 e Patent ugefrot, wat Ufank vun dësem Joer accordéiert ginn ass. D’Patent geet ëm “Emotion Recognition”.

Lauschter hei!

Spotify hat geplangt d’Ëmfeld an d’Gespréicher vun den Notzer opzehuelen an ze analyséieren. Dat Ganzt soll dem Notzer dann hëllefe Musek ze fannen déi de momentanen emotionellen Zoustand reflektéiert. Ass een also traureg, géif Spotify an deem Fall traureg Musek recommandéieren.

De Problem deen dorausser entsteet ass datt d’Privatsphäre vun den Notzer enorm ageschränkt gëtt. Dat huet dofir gesuergt datt honnerte vun Artisten, Mënscherechtler an Akademiker en oppene Bréif un de Streaming-Déngscht geschéckt hunn. D’Zil vun der Aktioun ass et Spotify dozou ze bréngen “d’Emotion Recognition” NET ze notzen.

Wéi et schéngt huet Spotify och nogelauschtert. Esou ass d’Patent ni an der App implementéiert ginn. D’Schreiwer vum Bréif si frou iwwert d’Reaktioun vu Spotify, mee hannerfroen den eigentleche Grond firwat iwwerhaapt un esou engem Programm geschafft ginn ass. D’Iwwerwaache vum emotionalen Zoustand a Recommandatioune mat hëllef vun deem ze maachen, ka geféierlech sinn. Dat well et Spotify ze vill Muecht iwwert de Konsument géif ginn.

Och d’Fuerscher vu Spotify hunn Zweiwel un enger Implementatioun geäussert. Et wier immens wichteg als éischt d’Ethik vum Projet ze iwwerpréiwen, éier een doriwwer nodenkt et ze verëffentlechen.

“Emotion recognition” kann hëllefräich sinn a kann engem bestëmmt och flott nei Lidder recommandéieren. D’Fro ass just op een dofir op seng Privatsphäre verzichte wëll.